Moralesche Rapport vun der Presidentin bei der A.G. vum LSV 11.07.2006

Am Numm vum LSV wëll ech iech ganz härzlech begréissen an iech merci soen, dass dir komm sidd.

D’Situation vum Buch, d’Politik firt d’Buch léft ganz sécher net roseg de Moment ...

Mir hate fir d’éischt e Minister, an elo eng Staatsekretärin an der Kultur, déi kee ganz groussen Interesse fir d’Buch weisen, déi och allgemeng net déi Ideen vertrieden, déi mir hei wëllen ënnerstëtzen, an déi och déi, déi sie selwer vertrieden, net ëmsetzen:

et sinn och leider um Niveau vun de Ministären, déi eis interesséieren, an zwar de Kultur- an den Unterrichtsministère, keng wierklech Initiativen geholl ginn fir d’Buch, obschonns mer an deene leschten 2 Joer eng ganz Rei vun Reunionen an deenen 2 Ministären haten, fir d’Uleies vum Lëtzebuerger Buch ze vetrieden.

Am Kulturministär weist d’Organisation vun de Versammlungen iwert d’Prime à la Publication, dass d’Zuel vun de Bicher, déi diskutéiert ginn, begrenzt gëtt.

Mat der Commission fir d’Traduction gét et net richtesch weider, de Conseil National du Livre ass zënter Enn lescht Joer net méi zesummen komm an och vum Ministère nach nëtt relancéiert ginn.

Déi Entrevuen, dé mer säitens vum Conseil National du Livre iwert di leschte Joren an de Ministären haten, weisen, dass guer kén Interesse ass, fir konkret un deenen Dossieren weiderzekommen, wou de Conseil National du Livre lo schons lang derhannert ass, nämlech: Liesungen an der Schoulen, Anthologien, an e Service du Livre luxembourgeois.

Niewent dësen duerchwuessenen Nochrichten, déi op offizieller Seit op e Stillstand hiweisen, hunn ech trotzdem d’Impression, dass verschidden Sachen awer net allzevill schlecht fonctionnéiren, just dass se eben net transparent sinn.

Positiv ass zum Beispiel, dass eis Bicher tatsächlech an de Schoulbibliothéike sinn, allerdëngs wësse mir als LSV net, no wéi engen Kriterien Bicher kaaft ginn, an firwat vun deem engen, an deem aneren net.

Positiv wor och de Modell vun enger Journée Littéraire, déi mir zesummen mam LGL organiséiert haten: dat wor e grousse Succès an de Klassen an dee Modell kinnt een och an aneren Schoulen ubidden.

Positiv ass och, dass di 2 Ministèren Bicher kafen, mee dat geet leider éischter à la tête du client: Jee no deem, wien urifft an de Ministère, ginn nach Bicher kaft uder ënnerstëtzt uder och net.

De Mangel un Transparenz an der Politik vum Buch an an der Ennerstëtzung vum Buch ass sëcherlech ee vun eise grousse Problemer, mee dat ass en allgemengen politischen Problem an alle Beräicher: Firwat deen een, an dén anerer net?

Dëss Fro duerchzitt d’Politik zu Lëtzebuerg, an ech mengen och leider net, dass de Schrëftstellerverband do eng Aennerung ka provozéiren, mee zumindest kënne mir nofroen, eis fir d’Kollegen asetzen an Transparenz fuederen.

Ganz wichteg bleiwt a mengen Aen, dass mir

- aktiv sinn,

- selwer Initiativen huelen,

- Liesungen proposéiren,

- vläicht ëmmer mol rëm eng originell Idee hunn, wéi mir d’Leit kënnen fir d’Literatur interesséiren.

Ee vun deene Weeër ass, méi no mat de Gemengen ze schaffen, - mat der Stad Lëtzebuerg hu mir lo eng regelmässesch Zesummenarbecht -, dat wir bestëmmt och mat aneren Gemengen méiglech; leider si mer awer net zu vill hei am Comité, an fir aleng uder zu zwee uder zu dräi vill Liesungen ze organiséieren, ass eben net ëmmer einfach.

Eng aner Méiglechkeet wier, un Associationen erunzetrieden, fir d’Organisation vu Liesungen, sou war zum Beispiel eng am Lion’s Club Fort Vauban, déi, wéi ech héiren hunn, och e grousse Succès war.

Ech gleewen un eis eegen Initiativ, dass déi kann eppes brëngen, an dofir sinn ech frou, dass mer dëst Joer och ee méi groussen Projet hunn, an zwar d'Celebratioun vun eisem 20. Anniversaire.

De Jhemp hat do eng ganz gutt Iddi: Perséinlechkeeten aus dem öffentleche Liewen Texter vun Lëtzebuerger Auteuren liesen ze loossen.

Eis éischt Iddi war, dat an der Black Box vum Neien Theater ze machen, dat gëtt awer vill zevill deier;

dofir hat ech lo e ganzt gutt Gespréich mam Germaine Goetzinger: Mir kënnen dat zu Miersch am Literaturzenter machen, an den CNL collaboréiert och a verschëckt Invitationen. Dono ass dann eng Rezeption am Café vum Literaturzentrum ...

Ech soen bei dëser Geleeënheet dem Comité merci, fir seng léif Ennerstetzung, a ginn d’Wuert weider un de Jhemp Hoscheit.

 

Rapport vum Sekretär 2005/2006
Finanzielle Bilan 2005/2006

© LSV, Colette Mart & Guy Wagner, 2006