
RAPPORT VUN DER ASSEMBLEE GENERALE VUM LSV 2010-2011
Den LSV ass de 26. Juni 1986 zu Esch gegrënnt ginn: E feiert 25 Joer.
Op der AG ware 4 Membren an déi 3 Comitésmembren.
1) Begréissung duerch d'Präsidentin Colette Mart
2) Aktivitéitsbericht vum Sekretär Jhemp Hoscheit
Wéi et gewënscht gouf, a fir ze weisen, wéi aktiv d'LSV-Membre sinn, liest de Sekretär eng Lëscht mat de Bicher, déi d'LSV-Auteuren an der vergaangener Saison publizéiert hunn (vum Juli 2009 - Juli 2010).
Och literaresch Präisser gin ernimmt, déi LSV-Membre am Laf vun der leschter Saison kruten. Et ass kloer, datt nieft de Buchpublikatiounen net all literaresch Aktivitéiten vun eise Membren opgezielt kënne ginn, wéi zum Beispill
-
am
Theater (Jean-Paul Maes, Jemp Schuster, Pol Pütz, Nico Helminger, Guy Wagner, Pol Greisch)
- am Cabaret/ Revue (Jemp Schuster, Roland Meyer, Jay Schiltz, Josiane Kartheiser, Jhemp Hoscheit, Luc Spada, Francis Kirps, Pol Pütz),
- am Kanner- a Jugendtheater (Roland Meyer, Jemp Schuster, …).
Bäitreeg an Anthologien, Zäitschrëften, Zeitungen, Iwwersetzungen, Revuen, Liesungen, Bicherfoiren, Colloques, Liesungen an de Schoulen, am Ausland; Redaktioun a Mataarbecht vu Bicherbäilagen, Anthologien,…
Juli 1996 - Juni 1997: 30 Publikatiounen vun LSV-Membren
Juli 1997 - Juni 1998: 27
Juli 1998 - Juni 1999: 18
Juli 1999 - Juni 2000: 25
Juli 2000 - Juni 2001: 30
Juli 2001 - Juni 2002: 32
Juli 2002 - Juni 2003: 26
Juli 2003 - Juli 2004: 33
August 2004 - Juli 2005: 31
August 2005 - Juli 2006: 31
August 2006 - Juli 2007: 16
August 2007 - Juni 2008: 35
Juli 2008 - Juni 2009: 40 (Rekord!!!)
Juli 2009 - Juli 2010: 26
August 2010 - Juli 2011: 21
Josée Klincker & Josy Braun: billersproochbiller
Editions Le Phare, Esch-Alzette; 2010
Lambert Schlechter: L’envers de tous les endroits
Editions phi, Esch-Alzette, 2010
Guy Helminger: Neubrasilien
Roman, Eichborn Verlag, 2010
Christiane Ehlinger: Cara
Editioun: Imprimerie Centrale, 2010
Monique Feltgen: Showdown in Esch (Kriminalroman)
Editions Saint-Paul, Luxemburg, 2010
Mireille Weiten-de Waha/ Marco Weiten (Zeechnungen) / Roll Rossio (Musek): Starallüren um Krautmaart
Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2010
Jhemp Hoscheit: Mondelia (Kriminalroman)
Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 2010
Josy Braun: Pontelach/ De Kinnek am ‘Petit Prince’/ Pierre Lapôtre (3 Erzielungen)
Editions Josy Braun; Mamer, 2010
Margret Steckel: Servais, Roman einer Familie
Editions Guy Binsfeld; Luxemburg, 2010
André Link: Auf Winters Schneide
éditions Saint-Paul; Luxembourg 2010
Dany Gales: Kolja a Galina - wa Kuebe reesen
Editions SNE, album cartonné avec CD; Lëtzebuerg, 2010
Lambert Schlechter: La trame des jours/ Le murmure du monde (fragments)
Edition des Vanneaux
Guy Wagner: Theater II: Samuel Beckett op Lëtzebuergesch iwwersat
Privateditioun
Nico Helminger: Pink Slip Party
Editions Phi (Amphitheater 80); Differdange, 2011
Marie-Jeanne Reichling: Warum Sven?
Eegeverlag, 2011
Jean-Paul Jacobs: die perücke des zephyrvogels
Editions phi (Graphiti D-20); Differdange, 2011
Guy Wagner: Die Heimkehr - Vom Sterben und Leben des Gustav Mahler
Rombach Verlag D-Freiburg, 2011
Claudine Muno: La mamouthe
Editions Op der Lay, 2011
Cornel Meder: Another Jesse Owens /Angesammelte Geschichten
gal.dok 3 am Galerie-Verlag, Déifferdeng, 2011
Georges Hausemer: Con Dao (Erzählungen)
Editions Guy Binsfeld; Luxemburg, 2011
Laurent Fels: Jean Kobs. Dernier Voeu
Editions Joseph Ouaknine, 2011
Präisser + Eirungen fir LSV-Membren:
* Lambert Schlechter: Prix Birago Diop 2010, Salon International des poètes francophones, Bénin (mars 2010)
* Jean Back: European Union Prize for Literature fir «Amateur» (Editions ultimomondo)
* Guy Wagner: Mérite Culturel de la Ville d’Esch-Alzette (octobre 2010)
* Colette Mart: Prix international d’excellence en poésie 2011
* COMITE 2010/ 2011
2 Comitéssëtzungen
* NOTIZBLOCK
Et koumen 2 Notizbléck eraus (No 88 am August 2010; No 89 am Abrëll 2011)
* 12. LIESMARATHON: 30. 4. 2011
mat 15 Auteuren
* MARDIS LITTERAIRES:
Déi fréier Wanterliesungen, déi et tëscht 1990 an 2003 gouf, ginn no enger Ennerbriechung vu 5 Joer, als «Mardis littéraires» an Zesummenaarbecht mat der Bibliothèque Municipale de la Ville de Luxembourg (Liessall vun der Stater Gemengebibliothéik) organiséiert.
Och an der Saison 2010-2011 hu mer 5 Daten zer Verfügung gestallt kritt fir LSV-Membren
* DIVERS:
* De Guy Wagner huet d'Onkäschten (120 Euro) fir den LSV-Serveur iwwerholl. Merci!
De Comité seet dem Guy Wagner, dem LSV-Webmaster, Merci, well en den LSV Site (www.lsv.lu) esou gutt à jour hält.
* JOURNEE NATIONALE DU LIVRE (30. 4. 2011)
D’Colette Mart vertrëtt den LSV am Aarbechtsgrupp an op der Pressekonferenz.
* PRIME À LA PUBLICATION:
Vertrieder vum LSV: Jhemp Hoscheit/ Colette Mart (1ère + 2e sessions)
* CONSEIL NATIONAL DU LIVRE
Vertrieder vum LSV am CNL (2010-2013): Colette Mart, Laurent Fels
* ANTHOLOGIE. Entwécklung vun den Honorären:
1) 3,72€ pro Säit /1000
2) 3.90 € pro Säit (refuséiert vum LSV an de Bicherediteuren)
3) 39 € pro Säit bei 10.000 (Propositioun MEN; refuséiert vu den anere Partner)
78 € pro Säit bei 10.000 (Propositioun vun LSV + Bicherediteuren = Accord
Dat gouf refuséiert vum MEN, deen de Facteur x10 fale wollt loossen. Da wäre mer nees bei 7,80 € pro Säit gewiescht)
30,60€ (Propositioun Barthelemy op 3 Joer gestaffelt (Oplo: 1-1000; 1001-2000, 2001-2999) Gëtt refuséiert= Vertragsbroch. Dueropshin décidéiert, d’Mme Delvaux d’Anthologie net ze publizéieren (Bréif vum 6.4.2011 am NB No 89)
50 € pro Säit bei 5.000 = Kompromëssvirschlag vun der Mme Germaine Goetzinger, deen d’Auteuren, déi an der Antho vertruede sinn, majoritär unhuelen. D’Madame Delvaux confirméiert am Bréif vum 11.7.2011 dës Propositioun (cf.: NB No 90) vun «eiser gemeinsamer Vertrauenspersoun, der Madame Germaine Goetzinger». Elo steet der Publikatioun vun der Antho näischt méi am Wee. Hoffentlech.
* KORRESPONDENZ
06.03.2011 Bréif vum LSV un d’Walfer Gemeng wéinst den Honoräre bei de Walfer Bicherdeeg. Den LSV freet 125€ pro Liesstonn. Et gouf 2010 nëmme 67,50€ fir eng Stonn. Och Walfer muss sech un d’LSV-Mindesthonorären halen.
Rappel, den 20.07. 2011 (Bréif NB No 90)
Äntwert ……………
13.03.2011: Den LSV freet, firwat d’Präisgelder beim Concours littéraire national 2011 erofgaange sinn.
Äntwert, den 30.6. 2011 mat onduerchsiichtegen Zuelen. De Bréif gëtt keng Äntwert op eis Fro. Well den Här Krieps, am Numm vun der Madame Modert, Präisgelder mat den Dépense fir d’Publikatioune vermëscht. Präisgeld an Impressioun( vun de präméierte Wierker) sinn zwou verschidde Saachen. Dofir gouf e Rappel geschéckt, den 21. 7. 2011 (cf.: NB No 90)
Äntwert:.........
13.12.2010: Bréif vum LSV un d’Madame Modert, wat d’Publikatioun vun de präméierte Wierker (beim Concours litt. nat.) ugeet (cf.: NB No 89)
2. 2011 : Äntwert vun dere Madame Minister: Den Auteur sicht sech selwer säin Editeur. De Ministère vun der Kultur bezillt d’Rechnung. (cf.: NB No 89)
3) Joresrapport vum Caissier
4) Rapport vun de Keessereviseuren: Christiane Ehlinger a Georges Hausemer
Décharge fir de Keessier
5) Discussioun vum Rapport d’activités
6) Décharge fir de Comité
7) Wiel vun de Keessereviseuren fir 2011/2012
Christiane Ehlinger + Georges Hausemer
8) De Comité fir 2010-2013
Hie
besteet, no der Démissioun vum Carmen Heyar (Oktober 2010) aus dësen 3 Leit:
Colette Mart:
Präsidentin
Jhemp Hoscheit:
Sekretär a Keessier
Laurent Fels: Member
– D'AG (2008) hat eestëmmeg décidéiert, datt d'Comitésmembren e Jeton de Présence fir eng Comitéssëtzung vun 40 Euro kréien. Wann anerer Membren op eng Aarbechtssëtzung geruff ginn, kréien déi och e Jeton de Présence.
9) Divers
Vun der Stad Lëtzebuerg krut den LSV e Subsid vu 75o € fir de Liesmarathon 2010. (Extrait de compte am NB Nr 89).
10) ACTIVITEITSPROGRAMM 2011/ 2012
* An der Gemengebibliothéik an der Stad kritt den LSV fir seng Membren 2010/2011 5 “Mardis littéraires”, (Opruff am nächsten NB No 90)
* Liesmarathon 2012 am Kader vun der Journée Mondiale du Livre. (23.4.2012) Umeldung eréischt am nächsten Notizblock NB No 90
11) RAPPELLER
a) Déi Membren, déi nach ëmmer 7,44 Euro als Cotisation mensuelle iwwerweisen, si frëndlechst gebieden, dëse Betrag op 8 Euro eropzesetzen. 7,44 entspriechen 250 fréiere lëtz. Frang. Dat war d'Cotisation mensuelle bis 2001. Op der Assemblée Générale vum 07.07.2001 (!!) ass d'Cotisatioun erhéicht an an Euro ëmgesat gin.
Am beschte wär et, wann déi Membren, déi nach all Mount cotiséieren, hir Cotisation mensuelle ofmellen an eng Cotisation annuelle ufroe géifen (Formulär an all Post)
96 Euro = Cotisation annuelle
8 Euro = Cotisation mensuelle
CCPLLULL: LU89 1111 0352 5241 0000
Fir d'Cotisatioun mensuelle vu 7,44 op 8,00 eropzesetzen, musst Der jo e Formulär bei der Post froen an ausfëllen. Wann Der dann also schonn Är Cotisatioun ëmännert, da maacht am beschten/ an engems aus Ärer Cotisation mensuelle eng Cotisation annuelle: an Dir iwwerweist 96 Euro. Dat mécht dem Keessier d'Aarbécht méi liicht.
b) Honorären 'E Buch am Zuch'
All Auteur huet e Recht op eng Rémunératioun. Déi Anthologie ass kee "cas unique" a keng "Exceptioun", och wann d'Anthologie gratis verdeelt gëtt. Keen Auteur soll op säin Honorär verzichten. Aus Solidaritéit. Och keen Editeur soll d'Recht oftrieden. D'Honoräre mussen – jee nom Kontrakt – tëscht Auteur an Editeur opgedeelt ginn. Déi 1. Revendicatioun zënter der Grënnung vum LSV war d'Rémunératioun vun den Auteuren. D'CFL kann sech et leeschten, d'Auteuren ze bezuelen. D'Antho ass jo eng Reklamm fir d'CFL a fir d'Associatioun 'Freed um Liesen'. Keen Auteur soll "à titre grâcieux" op säin Honorär verzichten.
Rapport: Jhemp Hoscheit
Op de Site gesat, den 26.07.2011