rapport 2002

Rapport vun der Assemblée générale vum LSV

8. 7. 2003

Mir waren zu 14

1) Begréissung duerch d'Präsidentin Josiane Kartheiser

2) Aktivitéitsbericht vum Sekretär Jhemp Hoscheit

** Wéi et gewënscht gouf, a fir ze weisen, wéi aktiv d'LSV-Membre sinn, liest de Sekretär eng Lëscht mat de Bicher, déi d'LSV-Auteuren an der vergaangener Saison publizéiert hunn (vum 6. 7. 2002 - 7.7.2003).

Och literaresch Präisser gin ernimmt, déi LSV-Membre am Laf vun der leschter Saison kruten. Et ass kloer, datt nieft de Buchpublikatiounen net all literaresch Aktivitéiten vun eise Membren opgezielt kënne ginn, wéi zum Beispill am Theater (Maes, Schuster, Rewenig, Helminger N., Helminger G., Greisch, Meyer, Grevis, Berg, Link, ...) am Cabaret (Schuster, Meyer, Braun, Pütz,...), Bäitreeg an Anthologien, Zäitschrëften, Zeitungen, Iwwersetzungen, Revuen, Liesungen, Bicherfoiren, Colloques, Liesungen an de Schoulen, am Ausland; Redaktioun a Mataarbecht vu Bicherbäilagen,...

Juli 96 - Juni 97: 30 Publikatiounen vun LSV-Membren
Juli 97 - Juni 98: 27      
Juli 98 - Juni 99: 18           
Juli 99- Juni 2000: 25
Juli 2000- Juni 2001: 30
Juli 2001-Juni 2002:  32
Juli 2002 - Juni 2003: 26

Jean Sorrente: Et donc tout un roman (éditions phi, 2002)
Georges Hausemer: Der lächelnde Elefant in der Rushhour ­ Thailändische Szenerien (Picus  Lesereien, 2002)
Josiane Kartheiser: Allein oder mit anderen (Eegeverlag, 2002)
Jhemp Hoscheit / Michel Demart: Zodi am Schatofor (Editions Guy Binsfeld, 2002)
Maryse Krier: Herzschlag (Editions Schortgen, 2oo2)
Nico Helminger: de john grün, dout am bushaischen (Editions Ultimomondo, 2002)
Claude Conter: Lettres à Sophie (collection APESS, 2002)
Roger Manderscheid: Polaroid ­ instant texte (Editions Phi; Reihe Graphiti, 2002)
Jemp Schuster: ass eppes? -Kabarästexter a Lidder (Editions haartnol, 2002)
Guy Rewenig: Album der Irrtümer und Wohltaten -Ein Wörterbuch Editions Phi (collectionGraphiti, 2002)
Jean Sorrente - André Janssens: Port-Royal (Editions Phi)
Maria - C. Haller: Errances et ports d'attache (Editions Saint-Paul, 2002)
Nico Helminger: Ein Mond aus kochender Milch (Editions Phi; Amphithéâtre, 2003)
Guy Rewenig: Ballo Farfallo (Biller vum Annick Sinner) Editions ultimomondo; Nospelt, 2003
Roger Manderscheid: Der Aufstand der Luxemburger Allliteraten (Editions Phi, 2003)
Léon Rinaldetti: Sprengsätze (Editions Schortgen, 2003)
Lambert Schlechter: Partances (L'Escampette, 2003)
Linda Graf: Maximilians Schlaf (editions phi, 2003)
Christiane Ehlinger: Kloni Klunnes (Imprimerie Centrale, 2003)
Nico Helminger: f@king love and death sou niewebäi (Editions Phi; amphithéâtre 65; 2003)
Roland Meyer: Iwwert der Leeder (Op der Lay, 2003)
André Link: Am Keller (Amphitheater 66, phi, 2003)
Guy Wagner: Brat Mozart (Ed. Uraeus, Pologne)
Guy Wagner: Theodorakis (Typothito, Athènes)
Guy Wagner: Bruder Mozart, Amalthea, Wien)
Pol Greisch: Kiischtebléien (Editions phi, Amphitheater 64, 2003)

Präisser an Eirungen:

+ Prix Servais 2003: Jean Sorrente (<Et donc tout un roman>)

+ Concours littéraire national 2002 (Kannertheater):
Mentions spéciales:
Christiane Ehlinger: <Kloni Klunnes>;
Dana Rufolo: <Mirror Lake and me-me>;
Jemp Schuster: <Eviva Brasil>

+ 1er Prix Europe 2002 (Centre Européen pour la promotion des Arts et des Lettres):
André Antony (Catégorie: Langues européennes)

+ Nicole Paulus: Lauréate du 'Prix Festival du Livre luxembourgeois 2003 organisé par la Sociétédes Foires internationales de Luxembourg et la Fédération Luxembourgeoise des Editeurs de Livres (catégorie: Jugendbuch, mam Buch: Ech an de Jules zu Kalanaxo (Editions Phi)

+ Concours UGDA (Nei Theaterstécker)
1er prix: Jhemp Hoscheit: <Schwaarz op wäiss>

+ Prix 'Libertés 2002' (organiséiert vun der 'Liberté de Conscience':
1. Präis (Fictioun): Jhemp Hoscheit;
2. Präis (Non-Fiction): Norbert Campagna;  
3. Präis (Non-Fiction): Jacques Wirion

+ Prix Batty Weber (Prix National de Littérature): Pol Greisch

+ Anthologies:
    * E Buch am Zuch 2003 (CFL / Freed um Liesen): divers auteurs LSV
    * Deutschsprachige Lyrik in Luxemburg / IGDL, section des arts et des lettres): divers  auteurs LSV
    * Kaleidoskop Luxemburg (Editions Saint-Paul): divers auteurs LSV
    * Abril (divers auteurs LSV)
    * Collection 'accents graves' (Québec): Anthologie visuelle et sonore: Le pays aux trois frontières (Vol. 2) Ecrivains francophones du Luxembourg. (Diffusion au Luxembourg par le Centre National de Littérature): divers auteurs LSV

COMITE

** 4 Comitéssëtzungen : 10. 9. 2002; 21.10. 2002; 20. 1. 2003; 18. 3. 2003

Rappel- Comité (zënter der A.G. 2001 -  gewielt bis 2004):
    Präsidentin: Josiane Kartheiser
    Sekretär a Caissier: Jhemp Hoscheit
    Membres:
Roger Manderscheid, Josy Braun, Pol Greisch, Chantal Keller, Giulio Pisani,Colette Mart

** Notizblock:
    Et koume 4 Notizbléck eraus: (128 Säiten)
Et mussen der iwwregens 4 an engem Joer verschéckt ginn, fir an de Genoss vum reduzéierten P/ S. ­ Posttarif fir Veräinsbroschüren ze kommen!!
No 70: Oktober 2002 (32 Säiten)
No 71: Dezember 2002 (27 Säiten)
No 72: Abrël  2003  (35 Säiten)
No 73: Juni 2003 (34 Säiten)
!!!!Informatiounen iwwer Bicher, literaresch Präisser, Activitéiten vun LSV-Membren!!!!  

** 5 Wanterliesungen (13. Editioun am Konschthaus Beim Engel)
3. Mäerz 2003; 10. Mäerz 2003; 17. Mäerz 2003; 24. Mäerz 2003; 31. Mäerz 2003 (19 Auteuren)

** 4. Liesmarathon/ Marathon littéraire am Kader vun de Journées littéraires de Mondorf
23. 4. 2003 (Kulturfabrik zu Esch)
mat 19 Auteuren an der Brigade d'Intervention Musicale:
( Organisatioun / Coordinatioun: Jhemp a Colette)

** Liesowender an der Escher Bibliothéik an Zesummenarbecht mat der Escher Kulturcommissioun, der Commission de surveillance de la bibliothèque an dem LSV.

1) Roger Manderscheid (LSV), Guy Helminger (LSV), Pol Greisch (LSV)
2)  Roland Harsch (LSV), Michel Grevis (LSV), Rolph Ketter
3)  Maryse Krier (LSV), Emil Angel, Marco Schank

** Divers:

Den LSV war Co-Signataire vum Opruff géint de Krich am Irak.

* Prime à la publication:
13e séance (1er semestre 2002): Vertrieder LSV: Jhemp Hoscheit
14e séance (2 semestre 2002):  /

* Conseil National du Livre :
Nei Präsidentin (no der Démissioun vum Lambert Schlechter) vum CNLi vum 1. Januar 2003 un: Colette Mart (Member vum LSV)
'Second représentant' vum LSV: Jhemp Hoscheit
(cf.: note de Mme Erna Hennicot-Schoepges au CNLI du 27.2. 2003)
(Propositioun un den CNLivre: En Aarbechtsgroupe schafen fir eng dräisproocheg Anthologie mat Texter vu lëtzebuerger Auteuren fir de Secondaire)

* D'Chantal Keller vertrëtt den LSV an der Commissioun fir Liesbicher am Primär

* Den LSV sammelt Texter fir e Buchprojet vun Omega 90 (op d'Propositioun vum Här Jean-Paul Lehners) zum Thema: Doud an Trauer. Et koumen Texter vun 11 Auteuren eran. De Sekretär huet dem Här Lehners déi Texter mat den Disquetten den 10. Juli ageschéckt. Den LSV krut bis elo (22.10.2003) nach kee Bescheed, wat geschitt.

* Nei Mêmbren: André Link, Francis Kirps

3) Joresrapport vum Trésorier Jhemp Hoscheit (cf. dësen NB No 74)

4) Rapport vun de Caissereviseuren : Michel Pauly a Guy Wagner

5) Discussioun vun de Rapporten

6) Décharge fir de Caissier

7) Décharge fir de Comité

8) Wiel vun de Keessereviseure fir 2004: Guy Wagner, Michel Pauly

9) Aktivitéitsprogramm 2003/ 2004

+ LSV-Fréijoorsliesungen an der Stad (tëscht Fuesend an Ouschteren 2004)
Ass et nach sënnvoll, déi z'organiséieren? Et misst een eng aner Form fannen. En anere Co-organisateur sichen. Firwat net eng LSV-Liesung zu Miersch am Centre National de Littérature. Neumünster? Zu Buerglënster mat de 'Bicherfrënn'?

+ 5. Liesmarathon zu Esch an der Kulturfabrik: 8. Mee 2004  
(Umeldeformulär an dësem Notizblock. Infos: spéider)

10) Fräi Aussprooch

* RAPPEL:
Recommandatioun fir Honorär bei Kannerliesung :
    1. Stonn: 75 Euro (aus Solidaritéit mat den Auteuren gëtt dëse Mindesthonorar  wäermstens recommandéiert.
    Bei enger 2. oder 3. Stonn (dee selwechte Moien/ dee selwechten Dag) soll een net  ënner 70 Euro goen!

Recommandatioun fir Honorär Auteurliesung:
*wann den Auteur aleng liest: 125 Euro
* wa méi Auteure liesen: net ënner 75 Euro fir den eenzelnen Auteur

* D'Mindesthonorartabell vum LSV gëtt an Euro ëmgesat an am Notizblock publizéiert.

* D'Association Luxembourgeoise pour la Lecture (ALL) organiséiert Liesungen.  Zesummenarbecht mam LSV?

* De Ministère de l'Education Nationale setzt d'Joer 2003-2004 an d'Zeechen vun der Promotion de la lecture (auprès des élèves de toutes les tranches d'âge)
...."L'objectif sera de donner de la lecture une image positive, en soulignant les notions d'enrichissement et de plaisir personnel et en insistant sur la diversité des choix. Les écoles seront notamment invitées à réaliser des actions visant à développer le goût et les habitudes de lecture comme éléments indispensables au développement intellectuel et à l'acquisition d'une culture générale." (communiqué MEN 23.4.2003)
De LSV freet no méi Informatiounen. En hätt gär, datt d'Kannerbuchauteuren op Liesungen an d'Schoule ginn. (Infos: an dësem Notizblock)

* D'AG stëmmt à l'unanimité fir en Text, deen als Pressecommuniqué verschéckt gëtt. Den LSV hofft, datt op der Uni zu Lëtzebuerg Lëtzebuerger Kulturwëssenschaften am allgemengen , Literatur- a Sproochwëssenschaften am Besonneschen  hir Plaz wäerte kréien.

Rapport: Jhemp Hoscheit

© LSV, Jhemp Hoscheit & Guy Wagner (copie conforme fir den Internet), 2003