** 7 Comitéssëtzungen:
7.11.2001; 19.11.2001;
3.12.2001; 30.1.2002; 27.2.2002; 22.4.2002; 11. 6. 2002
Neie Comité
(zënter der A.G. 2001 - gewielt bis 2004):
Präsidentin:
Josiane Kartheiser
Sekretär a Caissier: Jhemp Hoscheit
Membres: Roger Manderscheid, Josy Braun, Pol Greisch,
Chantal Schenten, Giulio Pisani
(De Lambert Schlechter
huet am Februar 2002 démissionnéiert an d'Irmlind Ettinger
ass leider gestuerwen. Et feelen zwee Leit am Comité. Dofir kënnen
zwee nei Membren cooptéiert ginn)
D'Colette Mart huet sech
gemellt an ass eestëmmeg als Member vum Comité cooptéiert
ginn.
** Notizblock:
Et koume 4 Notizbléck eraus: 116 Säiten
Et mussen der iwwregens 4 an engem Joer verschéckt ginn,
fir an de Genoss vum reduzéierten
P/ S. Posttarif fir Veräinsbroschüren ze kommen!!
* No 66: Oktober 2001 (24 Säiten)
* No 67: Dezember 2001 (23 Säiten)
* No 68: Mäerz 2002 (32 Säiten)
* No 69: Juni 2002 (37 Säiten)
!!!!Informatiounen iwwer Bicher, literaresch Präisser, Activitéiten,
vun LSV-Membren!!!!
** Wanterliesungen
12. Editioun am Konschthaus Beim Engel
6 Liesungen: 14.1.2002: 21.1.2002; 28.1.2002; 4.2.2002; 18.2.2002; 25.2.2002
(25 Auteuren)
(Organisatioun / Coordinatioun: Josiane )
** 3. Liesmarathon/
Marathon littéraire
19. 4. 2002 (Kulturfabrik
zu Esch)
Am Kader vun der Journée Mondiale du Livre (23.4.) mat 15 Auteuren
an der Brigade d'Intervention Musicale.
(Organisatioun / Coordinatioun: Jhemp)
** 2 Liesowender
zu Schëtter
7 Auteuren
(Org/ Coord.: Jhemp )
** 5 Liesungen
an der Escher Bibliothéik
15 Auteuren
(Org./ Coord.: Jhemp)
** Divers:
- Diskussioun
iwwert d'Structure gérant les droits de reproduction (exploitation,
gestion, perception et répartition des redevances pour la réprographie)
An der Chambre de Commerce war eng Informatiounsversammlung iwwert d'Luxembourg
Organisation for Reproduction Rights (Luxorr). De Comité hëlt
eng Positioun heizou (cf. Bréif am NB No 69)
- Prime
à la publication:
11e séance (1er semestre 2001): Vertrieder LSV: Jhemp Hoscheit
12e séance (2 semestre 2001) /
-
Conseil National du Livre :
Präsident: Lambert Schlechter.
No der Démissioun vum Jhemp Hoscheit als Member ass keen LSV-Vertrieder
méi am CNLi. En neien LSV- Member muss awer nach désignéiert
ginn.
D'Colette Mart vertrëtt den LSV am CNLi vum September 2002 un.
- Nei Mêmbren:
Danièle Frieres
Josée Kratochwil
Andrée Collignon
Michel Grevis
Isabelle Kronz
3) Joresrapport
vum Caissier Jhemp Hoscheit (cf. dësen NB No 70)
4) Rapport vun
de Caissereviseuren: Michel Pauly a Colette Mart
5) Discussioun
vun de Rapporten
6) Décharge
fir de Caissier
7) Décharge
fir de Comité
8) Wiel vun de
Keessereviseure fir 2003: Georges Hausemer, Michel Pauly
9) Aktiounsprogramm
2002/ 2003
+ LSV-Fréijoorsliesungen
an der Stad
(tëscht Fuesend an Ouschteren 2003)
(Infos + Umeldeformulär: spéider)
+ 4. Liesmarathon
zu Esch an der Kulturfabrik
am Kader vun de Journées Littéraires de Mondorf: 23. Abrëll
2003
(Infos+Umeldeformulär: spéider)
D'Organisateure vun de Journées littéraires de Mondorf
sinn nees gewëllt wéi 2001 den LSV Liesmarathon
matzeorganiséieren, an den offizielle Programm vun de JLM anzebauen
a matzefinanzéieren.
10) Fräi
Aussprooch
* De leschten Délai
fir d'Iwwersetzung (Jean Portante) war de Juli 2002 (cf.: Décisioun
vun der A.G. 2001 a cf. Bréiwer un de Jean Portante vum 6. 7.
1997; 2.3. 1998; 16.7. 1998 an 13. 7. 2001) De Jean Portante ass deem
Appel net nokomm: dat heescht, d'Somme vun 2oo.ooo.- (Flux) fällt
zréck un d'LSV-Keess. De Projet 'Iwwersetzung Schako Klak' ass
fräi.
* No verschidden Divergenzen,
wat d'Honorären ugeet, proposéiert de Comité dës
Sommes:
Recommandatioun fir Honorär bei Kannerliesung:
1. Stonn: 75 Euro (aus Solidaritéit mat den Auteuren gëtt
dëse Mindesthonorar wäermstens recommandéiert.
Bei enger 2. oder 3. Stonn (dee selwechte Moien / dee selwechten Dag)
soll een net ënner 70 Euro goen!
Recommandatioun
fir Honorär Auteurliesung:
* wann den Auteur aleng liest: 125 Euro
* wa méi Auteure liesen: net ënner 75 Euro fir den eenzelnen
Auteur
* D'Kulturcommissiounen
an d'Syndicats d'Initiative aus dem ganze Land ginn ugeschriwwen: Den
LSV proposéiert Liesungen!
* D'Mindesthonorartabell
vum LSV gëtt an Euro ëmgesat an am Notizblock publizéiert.
* Et wär wichteg,
wann den Internet Site vum LSV actualiséiert kënnt
ginn... Geschitt fir Allerhelljen!
* E Bréif gëtt
un de Jochen Herling geschéckt. A sengem Buch 'Art & Vélo'
sinn Texter am Zesummenhang mam Velo publizéiert. D'Auteure goufen
awer net ëm hir Erlaabnis gefrot. Et goufe keng Honoräre bezuelt.
Et gouf mol kee gratist Exemplär geschéckt. Den LSV protestéiert,
datt an deem Fall d'Droits d'auteur mat Féiss getrëppelt
goufen.
Rapport: Jhemp Hoscheit
Rapport 2003