Rapport vun der Assemblée
générale vum LSV
10. 7. 2000
Mir waren zu 15
* vum Comité: Chantal, Josiane, Guy W., Jhemp, Pol, Josy, Roger, Lambert
* vun de Mêmbren: Nico, Giulio, André, Irmlind, Liliane, Claude, Michel.
(José +Christiane: excusées)
1) Begréissung
duerch de Präsident Lambert Schlechter
2) Aktivitéitsbericht
vum Sekretär Jhemp Hoscheit
** Wéi et gewënscht gouf, a fir
ze weisen, wéi aktiv d'LSV-Membre sinn, liest de Sekretär eng Lëscht
mat de Bicher, déi d'LSV-Auteuren an der vergaangener Saison publizéiert
hunn (vum 30. 6. 99 bis 10. 7. 2000).
Och literaresch Präisser gin ernimmt,
déi LSV-Membre am Laf vun der leschter Saison kruten. Et ass kloer,
datt nieft de Buchpublikatiounen net all literaresch Aktivitéiten vun
eise Membren opgezielt kënne ginn, wéi zum Beispill am Theater (Maes,
Hoscheit, Schuster, Rewenig, Braun, Greisch,...) am Cabaret (Schuster,
Braun,...), Bäitreeg an Anthologien, Zäitschrëften, Zeitungen,Iwwersetzungen,
Revuen,Liesungen, Bicherfoiren, Colloques,...
Juli 96 - Juni 97: 30 Publikatiounen
vun LSV-Membren
Juli 97 - Juni 98: 27
Juli 98 - Juni 99: 18
Juli 99 - Juni 00: 25
- Paul Cerf / Isi Finkelstein:
D'Escher Judden (Cahiers Luxembourgeois)
- Jhemp Hoscheit/ Michel Demart:
Wann d'Déieren Detektiv spillen (Binsfeld)
- Guy Rewenig: Komba la Bomba
(phi)
- Maria-C. Haller: Tous les
chemins y mènent (Imprimerie Saint-Paul)
- Jean Sorrente: Scolies (phi)
- Barbara Höhfeld: Ginsburg
und der Rotkohl (phi)
- Klaus Baumgart/ Chantal Schenten:
Dem Laura säi Stär (Baumhaus Verlag)
- Liliane Welch: The Rock's
Stillness (Borealis, Book Publishers)
- Raoul Biltgen: Manchmal spreche
ich sie aus (Op der Lay)
- Claudine Muno: 21 (Op der
Lay)
- Félix Molitor: Bris de partance
(Editions Schortgen)
- Jhemp Hoscheit: La secte de
Sisyphe (Cahiers luxembourgeois/ Editions Memor
- Pol Greisch: Fir meng Mamm
/ Aus engem laange Bréif (Cahiers Luxembourgeois)
- Enrica Yvonne Dilk: Ein 'practischer
Aesthetiker' (Studien zum Leben + Werk Carl Friedrich von Rumohrs) (Olms)
- Georges Hausemer: lm Land
der Mauren und Olivenhaine: andalusische Streifzüge (Picus Lesereisen)
- Margret Steckel: Rosen, Rosen
(phi)
- Jemp Schuster/ Fern Weirich:
Plein-Air
- Margret Steckel: Die Träne
aus der Wand (Neuer Hochschulschriftenverlag, Rostock)
- Roger Manderscheid: Summa
Summarum (phi)
- Giulio-E. Pisani: Ridi Bajazzo
(Eegeverlag)
- Claudine Muno/ Pascale Junker:
D'Zoe, Draachen a Siweschléifer (Op der Lay)
- Christiane Bidinger: Krababbel
(Imprimerie Centrale)
- Jean-Paul Jacobs: Ode an die
Mode (Sylvia Jacobi Verlag, Berlin)
- Guy Rewenig: Ventilator (amphiteater;
phi)
- Lex Jacoby / Alain Soldeville:
Öslinger Jahreszeiten (Imprimerie Saint-Paul)
Gouf ee vergiess? Sot Bescheed! De Sekretär iwwersäit och mol eppes)
* Concouren, Präisser. Auszeechnungen
- Concours littéraire
national 1999 (pièces radiophoniques/ 29 contributions)
- 1er prix: Nico Helminger
- 2e prix: Guy Rewenig
- Mentions spéciales: Georges Hausemer;
Jhemp Hoscheit
- Präis + Dramatikerstipendium
beim Concours fir jonk Dramatiker (Schauspielhaus)
Raoul Biltgen: mam Stéck 'Nachspiel'
- Prix Lions 2000: Germaine Goetzinger +
- Prix Jean Lebon 1999: Jhemp Hoscheit: La secte de Sisyphe
- Prix Public 2000 (Fédération luxembourgeoise des éditeurs de
livres / FIL): Jhemp Hoscheit/ Michel Demart: Wann d'Déieren Detektiv
spillen (Editions Binsfeld) +
- Stückemarkt 2 (12. 5. - 14. 5. 2000) Centre National de Littérature
à Mersch: divers auteurs LSV
* Anthologies:
Anthologie Luxembourgeoise de Poésie (Ed.: Jean Portante) : divers auteurs
LSV
Estuaires/ Revue culturelle No 39: divers auteurs LSV
33 Erzählungen: Luxemburger Autoren des 20. Jahrhunderts (Institut Grand-Ducal)
E Buch am Zuch 2000 (CFL / Freed um Liesen): divers auteurs LSV
* Comité:
4 Comitéssëtzungen:
- 12. 7. 1999;
- 27. 10. 1999;
- 13. 3. 2000;
- 30. 5. 2000
* Notizblock:
Et koume 4 Notizbléck eraus: (142 Säiten)
- No 58: September 1999 (39 Säiten)
- No 59: Dezember 1999 (37 Säiten)
- No 60: Januar 2000 (33 Säiten)
- No 61: Mee 2000 (33 Säiten)
!!!!Informatiounen iwwer Bicher, literaresch Präisser, Activitéiten,....
nëmme vun LSV-Membren!!!!
* Wanterliesungen
(10. Editioun am Konschthaus Beim Engel)
- 24. 1. 2000
- 31. 1. 2000
- 7. 2. 2000
- 14. 2. 2000
- 21. 2. 2000
Total: 17 Auteuren; 6 Museker
Organisatioun / Coordinatioun: Jhemp Hoscheit
* 1. Liesmarathon / Marathon littéraire :
28. 4. 2000.
Am Kader vun der Journée Mondiale du Livre (23.4.) an der Escher Kulturfabrik,
mat 17 Auteuren: André Antony, Angela Boeres, Pol Greisch, Roland Harsch,
Georges Hausemer, Barbara Höhfeld, Jhemp Hoscheit, Nico Helminger, Jean-Paul
Jacobs, Josiane Kartheiser, Colette Mart, Giulio Pisani, Leon Rinaldetti,
Lambert Schlechter, Jean-Michel Treinen, Olivier Vandivinit, Jacques
Wirion.
Organisatioun / Coordinatioun: Jhemp Hoscheit *
* Korrespondenz:
- Bréif un d'Missioun 2000 (2.4.2000)
Mataarbecht: ofgeleent (Infos ze spéit)
- Bréif un den Här Daming, Präsident
vun der Fédération luxembourgeoise des éditeurs de livres: Bei de sélectionnéierte
Bicher fir de Prix Public 2000 (Foire) hunn d'Nimm vun den Auteure gefeelt.
Keng Äntwert. An der Presse sinn d'Auteuren - wéi d'lescht Joer -nees
net ernimmt ginn!!
- Bréif (9. 3. 2000) un d'Stater
Gemeng fir e Subsid (Wanterliesungen 2000)
- No de Bréiwer un d'
an un de Präsident vun de "Journées Littéraires de
Mondorf" (wéinst net-bezuelten Honorären fir e Liesowend am Virfeld
vun de J.L.M. ) an no der Äntwert vum Jean Portante (31. 3. 2000 / cf.:
Notizblock No 61) décidéiert de Comité, "d'Saach ënner Protest
ze classéieren!!!"
* Poesietelefon:
No 14 (!!!) Bréiwer LSV vum LSV am Zesummenhang mam Poesietelefon
Subsid / Poesietelefon (5.7.98); LSV-MC Rappel (3.12.98); LSV - Marc
Zanussi / Spektrum 87 (5.2.98); MC - Marc Zanussi (4.8.98); Äntwert
MC-LSV (26.1.99): "accord de principe"; MC-LSV (3.2.99) "budget prévisionnel"?;
LSV-MC (15.5.99) präzise Budget virgeschloen; LSV - MC (4. 5. 97) (keng
Äntwert); LSV - MC Rappel (14.12.98); MC - LSV : Accord Budget: 96.000.-
du MC (3. 6. 1999); Rappel LSV- auteurs( 15. 11. 2000) ; LSV - Directioun
vun der Post: 1. Protest (14. 3. 2000); PTT - LSV "que le problème serait
résolu dans les plus brefs délais" (25. 4. 2000; LSV - Infotel (Copies
PTT, Ministère de la Culture) 31. 5. 2000 gëtt den LSV d'Mataarbecht
bei 'Infotel' um Poesietelefon wéinst onsérieuxem Fonctionnement op.
(Décisioun vum Comité 30. 5. 2000 + Bréif 31. 5. 2000: cf. dësen Notizblock)
Déi Auteuren, déi eng literaresch Contributioun fir de Poesietelefon
geleescht hunn, kréien en Honorär vu 4.000.- (Bréif un den MC)
(p.s. vum Caissier: D'Honoräre sinn an der Tëschent ausbezuelt
ginn)
* Subside extraordinaire
accordé par le Ministère de la Culture pour l'exercice 2000 : 200.000.-
* Subside Ville de Luxembourg
(Wanterliesungen 1999): 10.000.-
* Transparenz
wat de Budget littéraire (Ministère de la Culture) ugeet.
Den LSV freet den 4. 1. 2000, wéi et mat der "répartition de l'aide
à la littérature" steet.
De Kulturministère huet dem LSV eng détailléiert Opschlësselung vun
den Dépenses - 8.000.000- am Beräich vun der Literatur geschéckt.
De Comité analyséiert déi 'pièces brutes' an déi eenzel Posten am Staatsbudget.
* Perspectives budgétaires
pour la littérature en 2000 (lettre 4. 1. 2000)
* Prime à la publication:
- 7e séance (1er semestre 1999
/ 12. 10. 1999):
Vertrieder LSV: Jhemp Hoscheit
- 8e séance (2e semestre 1999 /
11. 2. 2000):
Vertrieder LSV: Lambert Schlechter
Den Här Dockendorf gëtt säin Accord, "à ce que les livres envoyés
pour l'attribution de la prime à la publication soient mis à la disposition
du comité LSV une dizaine de jours avant chaque séance". Nëmmen
esou kann den LSV-Vertrieder am 'Comité de Lecture' en connaissance
de cause iwwert déi atrribuéiert Somme matbestëmmen.
* Aarbechtsgrupp
fir en neit Liesbuch fir de Lëtzebuergesch-Unterrecht am Mëttel- an
Uewergrad an der Primärschoul (Service de l'enseignement primaire /
Demande Mme Anne Brasseur vum 16. 3. 2000):
LSV- Vertriederin: Chantal Schenten.
* Conseil National du Livre :
Vertrieder vum LSV am CNLivre: Lambert Schlechter (Präsident) a Jhemp
Hoscheit (member) -
Réunion plénière: 4. 4. 2000 (* D'Brochure 'Liesen an der Schoul' waard
nach op d'Realisatioun.
* Fichier ciblé:
Et soll e 'Comité de décision' (2X MC, 1X LSV 1X Biblio) geschaf ginn,
fir iwwert "d'acquisition des ouvrages au MC" matzebestëmmen.
(3 mol am Joer, op Grond vum Relevé vun de Bicher, déi fir d'Prime à
la publication' ageschéckt goufen.)
* Présence luxembourgeoise aux foires et aux salons du livre
à l'étranger:
Discussioun
* Nei Mêmbren:
- Christiane Bidinger,
- Claude Conter,
- Raoul Biltgen
* Lëtzebuerger Sectioun beim 'International Board on Books for Young
People'?
Déi national Cotisatioun ass: 70.000.-
De Comité décidéiert, ob et Sënn mécht, Member ze ginn. Wa jo, wéi dreiwe
mer déi Suen op?
* Entrevue mam Här Fernand
Weides (Radio 100,7) bleift nach
3) Joresrapport vum Caissier Guy Wagner
4) Rapport vun de Caissereviseuren: Michel Pauly a Colette Mart
5) Discussioun vun de Rapporten
6) Décharge fir de Caissier (eestëmmeg)
7) Décharge fir de Comité (eestëmmeg)
8) Wiel vun de Keessereviseure fir 2001:
Colette Mart, Michel Pauly
9) Aktiounsprogramm 2000/ 2001
* Déi nächst Saison gëtt endlech d'LSVMindesthonorartabell vun
1992 iwwer-schafft, adaptéiert an d'Honorare gin erhéicht. (Publikatioun
an engem nächsten Notizblock, nom Accord vun den LSV-Comitésmembren)
* LSV-Wanterliesungen 2001
(déi 11. Editioun) - Hei klicken!
Et gouf beschloss, e Bréif un de Paul Helminger, Buergermeeschter vun
der Stad Lëtzebuerg ze schreiwen, datt d'Stad Lëtzebuerg d'Literatur
substantiell ënnerstëtzt, d'Wanterliesungen als kulturell Manifestatioun
iwwerhëlt an och fir d'Honorären opkënnt!
* D'LSV- Liesungen sollen dezentraliséiert ginn:
Zum Beispill:
- Grevenmacher: Kulturhuef (Kontakt:
Irmlind Ettinger) - Aktuell: De 7. Februar fir d'éischt!
Hei klicken!
- Ettelbrück: Centre des Arts Pluriels
(Kontakt: Guy Wagner) -
- Luxembourg: Centre de Langues
(Kontakt: Josiane Kartheiser)
(Viraussetzungen: Eng gutt Virbereedung mat de Responsable vun der Plaz;
de Budget muss opgestallt ginn.
Fir d'Honoräre muss den Organisateur opkommen.
An enger 1. Phase ginn d'Direkteren/ d'Präsidenten/... ugesprach.
An enger 2. Phase mécht den LSV eng konkret Propositioun.
Wien sech fir sou dezentral Liesungen intresséiert, soll sech elo schon
umellen. Da kann ee besser plangen! Infos an dësem Notizblock!!!!
* 2. Liesmarathon
Et gouf beschloss, wann d'Journées littéraires de Mondorf am Abrëll
2001 (rondrëm den Internationalen Dag vum Buch) schon eng literaresch
Manifestatioun am Escher Schluechthaus virgesinn hunn, da sollt den
LSV an där Périod net nach eng Liesung organiséieren, fir kengem Konkurenz
ze maachen. Et kéint een amplaz eng gréisser Hierschtliesung (Oktober-Dezember
2000? ) zu Esch organiséieren. Den LSV géif d'Onkäschte rondrëm droen,
misst awer kucken, fir e Partner ze fannen, deen d'Honoräre bezillt.
Et ass neemlech absurd, datt d'Auteuren sech selwer bezuelen. (Dee Prinzip
kann eventuell fir d'Wanterliesungen - wat jo eng typesch, eegen LSV-
Manifestatioun ass - bestoe bleiwen.) Fir all déi aner Liesungen misst
den Organisateur fir d'Honorären opkommen. Prinzipiell gëtt och festgehalen,
datt 4000.- zevill sinn fir eng Liesung tëscht 4-5 Minutten.
Dernière Minute!!! D'Organisateure vun de Journées littéraires haten
nach keen Datum am Schluechthaus reservéiert. De Jean Portante léisst
dem LSV awer matdeelen, datt d'Organisateure vun de 'Journées Littéraires
de Mondorf' bereet wären, e puer Deeg virun/ no hirer Manifestatioun
am Escher Schluechthaus (ëm den 23. 4. 2001) dem LSV en Owend fir eng
LSV-Liesung am Kader vun de 'Journées littéraires' zer Verfügung ze
stellen. Déi Liesung kéim dann an de Programm, mat enger finanzieller
Ennerstëtzung vun de J.L.M. vun 50.000.- Iwwert dës Propositioun muss
de Comité vum LSV nach diskutéieren.
* Internationalen Dag
vum Buch
(23. 4. 2001).
Wann den LSV d'Wanterliesungen + Liesmarathon organiséiert, géif den
LSV deen Dag näischt Spezielles virgesinn. Am anere Fall: à voir!!
* Avant-Projet vum Gesetz iwwert 'Droits d'auteur'
ufroen. Analyse.
* Iddi:
Wéi wär et mat enger Manifestatioun: 'Prominent Lieser liesen aus Bicher
vu lëtzebuerger Auteuren'.
* LSV goes Internet
De Guy Wagner ass bereet, fir d'LSV-Membren eng Homepage an de Grondzich
opzestellen.
Rem.: Hei ass se! G.W.
* Catalogue des publications luxembourgeoises
(an der Schwief zënter 1995)
* Wéi finanzéiert den LSV seng Activitéiten
(budget prévisionnel 2000/ 2001)
rapport jhemp hoscheit
- WICHTEG: Déi Membren, déi
hir Cotisation mensuelle nach net vun 200.- op 300.- ëmgeännert hunn,
sollten dat nohuelen. Bei der Post eng Fiche mat der Modification d'Ordre
Permanent froen, ausfëllen a fortschécken!! De Caissier seet merci.
Rapport 2001
© LSV & Guy
Wagner, 2001

|