No.51



11. LIESMARATHON 2010

an der «Bulle» vun der Cité-Bibliothéik an der Stad

Samschdeg, de 24. Abrëll 2010


Am Kader vum Internationalen Dag vum Buch, e Samschdeg, de 24. Abrëll 2010, organiséiert de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg (VdL) e grousse Liesowend an der «Bulle » vun der Cité-Bibliothéik (18, rue Genistre) an der Stad mat 17 lëtzebuerger Auteuren – Member vum LSV – déi op däitsch, franséisch a lëtzebuergesch schreiwen.

Dëse literareschen Owend ass eng Visitekaart vun der lëtzebuerger Literatur an de verschiddene Genren.

Et liesen dës Auteuren aus dem Lëtzebuerger Schrëftstellerverband:

Josy Braun, Angela Boeres-Vettor, Christiane Ehlinger, Helmut Fiebig, Marielys Flammang, Wolfgang Geiselhart, Linda Graf, Josée Kratochwil, Maryse Krier, Henri Losch, Colette Mart, Giulio Pisani, Pol Pütz, Marie-Jeanne Reichling, Lex Roth, Guy Wagner, Jacqueline Wolff.

All Auteur liest ongeféier 7 Minutten.

Géint 21.00 ass eng Paus virgesinn.

Musikalesch Begleedung: fënnef akusmatesch Wierker vun "NoiseW@tchers Unlimited", iwwerdroe vun engem Lautspriecher Octophonie-Orchester mat Hëllef vun engem Accousmonium.

D’Liesung geschitt an engem konviviale Kader, wou de literareschen a perséinlechen Austausch tëscht Auteur a Publikum garantéiert ass.

Ufank ëm 19.30 Auer.

Den Entrée ass fräi.

 

© LSV & GW, 2010