suite



2. LSV ­ LIES-MARATHON AN DER ESCHER KULTURFABRIK


Méindeg, den 23. Abrëll 2001

Am Kader vun de JOURNEES LITTERAIRES DE MONDORF an der JOURNEE INTERNATIONALE DU LIVRE

organiséiert de LETZEBUERGER SCHREFTSTELLERVERBAND

an der Kulturfabrik zu Esch

e grousse Liesowend mat 27 lëtzebuerger Auteuren - Membre vum LSV -, déi op lëtzebuergesch, däitsch,
franséisch oder englesch schreiwen.

Den LSV krut vun den Organisateure vun de Journées Littéraires "Carte Blanche" fir dëse literareschen
Owend. Et gëtt eng Visitekaart vun de Lëtzebuerger Literaturen an de verschiddene Genren.

Et liesen dës Auteuren aus dem LSV:

Anne Berger, Angela Boeres, Lydie Botzem, Josy Braun, Christiane Ehlinger, Irmlind Ettinger, Linda Graf, Pol Greisch, Roland Harsch, Nico Helminger, Guy Helminger, Jhemp Hoscheit, Emile Hemmen, Jean-Paul Jacobs, Josiane Kartheiser, Jean Krier, Jean-Paul Maes, Roger Manderscheid, Georges Penning, Giulio Pisani, Léon Rinaldetti, Dana Rufolo, Chantal Schenten, Lambert Schlechter, Olivier Vandivinit, Guy Wagner, Jacques Wirion.

All Auteur liest ongeféier 6 Minutten.

Géint 21.00 Auer ass eng Paus. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Fir déi musikalesch Animatioun suergt d¹Brigade d¹Intervention Musicale (Luciano Pagliarini et Co) D'Liesung ass am giele Linosall (lénke Fliggel vun der Kulturfabrik um 2. Stack)

Ufank ëm 18.30. Den Entrée ass fräi.


p.spéciale: Är Säit

© LSV & Guy Wagner, 2001