Am Oktober 2009 ass dem Jhemp Hoscheit säi Roman Perl oder Pica, deen 1998 fir d'éischt publizéiert an zum Bestseller gouf, an der 6. Editioun an an neier Opmaachung bei den Editions Schortgen vun Esch op de Maart komm.
D'Buch kascht
17 €
* * *
Perl oder Pica ass dem Jhemp Hoscheit säin 1. Roman a krut den 3. Präis beim nationale Literaturconcours 1997. De Roman krut 1999 de Servais-Präis fir dat bescht Buch, dat an dem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert gouf.
De Roman ass 2005 vum Pol Cruchten no engem Scénario vum Viviane Thill verfilmt ginn. De Film krut 2007 um 3. Lëtzebuerger Filmpräis de "Prix du Public".
2008 koum de Film ënnert dem Titel "Kleine Geheimnisse" an déi däitsch an éisträichesch Kinoen.
2009 ass de Film ënnert dem Titel "Petits secrets" a Frankräich gelaf.
|