Är
Säiten
D'Christiane
Ehlinger deelt mat:
„D’Lynn an de
Charel“
Wou komme mer hier a wou gi mer hin?
Eng Geschicht
op lëtzebuergesch iwwert d’Sexualitéit
illustréiert vum Jean Leesch
D’Buch erzielt
d’Geschicht vum Lynn a vum Charel vun deem Dag un, wou se op d’Welt
kommen, hir Kannerzäit, d’Primärschoulszäit,
d’Pubertéit, d’Studentenzäit, d’Erwuessenenzäit bis zu
deem Dag wou si selwer zesummen d’Schwangerschaft an d’Gebuert vun
hirem Kand erliewen.
Et
schwätzt dat un, wat d’Kanner an där Altersphas
beschäftegt a geet kengem Thema aus de Féiss.
D’Buch soll de
Kanner Äntwerten an Ureegungen zum Gespréich ginn.
Ee
léierräicht a witzegt Buch dat villen Erzéier an
Elteren hëllefe wäert, mat hire Kanner iwwert
d’Sexualitéit ze schwätzen.
D’Buch huet 80
Säiten, ass faarweg gedréckt a mat haardem Deckel gebonnen.
Edition
Imprimerie Centrale, Abrëll 2004, ISBN: 2-87978-030-6