4. LIES-MARATHON AN DER ESCHER KULTURFABRIK

organiséiert vum
Lëtzebuerger Schrëftstellerverband



Mëttwoch, den 23. Abrëll 2003


Am Kader vun de "Journées Litteraires de Mondorf" an der "Journée Internationale du Livre" organiséiert de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) an der Kulturfabrik zu Esch

e grousse Liesowend mat 20 lëtzebuerger Auteuren – Member vum LSV – déi op däitsch, franseisch, lëtzebuergesch schreiwen.

Den LSV krut vun den Organisateure vun de Journées Litteraires de Mondorf <Carte Blanche> fir dëse literareschen Owend, deen eng Visitekaart vun der lëtzebuerger Literatur an de verschiddene Genren gëtt.

Et liesen dës Auteuren aus dem Lëtzebuerger Schrëftstellerverband:
  • André Antony
  • Angela Boeres-Vettor
  • Lydie Botzem
  • Josy Braun
  • Michel Clees
  • Helmut Fiebig
  • Linda Graf
  • Pol Greisch
  • Georges Hausemer
  • Guy Helminger
  • Nico Helminger
  • Josiane Kartheiser
  • Chantal Keller
  • Josée Kratochwil
  • Maryse Krier
  • Isabelle Kronz
  • Colette Mart
  • Roger Manderscheid
  • Giulio Pisani
  • Léon Rinaldetti

    All Auteur liest ongefeier 6 Minutten.

    Géint 21.00 Auer ass eng Paus virgesinn. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

    Fir dei musikalesch Animatioun suergt d'Brigade d'Intervention Musicale (Luciano Pagliarini a Co)

    D'Liesung geschitt an engem conviviale Kader, wou de literareschen a perséinlechen Austausch tëscht Auteur a Publikum garantéiert ass.

    Ufank geint 19.00 Auer. Den Entree ass fräi.

 


© LSV & Guy Wagner, Update 2003