|
SCHREIWEN
D'Welle
verloossen de Strand
loossen zréck um
rouege Sand
de Grouss vum Salz
a vum Waasser
deen d'Méiwen
douewe
liese
mat engem déiwe Kreesch
Hir Flilleke
decken
d'Sonn zou
D'Sonn
seet näischt
* * *
D’ZÄIT GEET EREM
Gëschter nach hues
de gemengt
du kéins ganz Beem
ausrappen
an haut scho
kriss de
keen Aascht méi
gebrach
nach
e bëssen an
déi klengste Loft
knéckt dech
wéi en diren Hallem
ZRÉCKGEKUCKT
iirgendweéi
as et der
wéi wanns de
keen Otem méi
kriits
dofir
och bleifs de
stoën
um Wee
du kucks hannerun dech
ass dat
alles
denks de
ass dat alles
wat s de gepackt
du weess
naach
wou s de fortgoungs
du weess nach
bal alles wat koum
wat dech
getraff
wat dech gefreet
vun deemols un
du mengs
du géifs et nach
spiren
mee 't
ass schon
sou wäit
wäit
wäit
ewech
|
DE
SPIGGHEL
wann s
de mueres opstees
dech am Spigghel
kucks
da mengs de
heiansdo
't wir nach alles
eemol wéi d'anert
da kucks
de méi genee
a gesäis
d'Falen déi do sin
d'Runschlen déi kommen
d'Haut déi blatzeg
a wieleg gët
sou wieleg wéi
en Apel
deen ze laang
um Bam houng
du fälls
och
denks de
an 't mecht der
bal
näischt méi aus
ZU ZWEE
Nuets
wann s de erwächs
spiirs de
den Hauch vum Liewen
niewen dir
an du
gëss roueg
't ass
esou stëll
du spiirs dech
gutt
och wann s de
nët méi
schlofe kann
du lauschters
déi Stëll
ganz stëll
du spiirs dech
gutt
du bass
nët eleng
EN KAZ
Eng Kaz kraazt un der
Dir
Du mëchs hir op
Si kraucht ëm déng Been
Si brauch dech
COURAGE
Nach esou vill
wells de maachen
ir et
nët méi
geet
da fänk alt schon
un
|