Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

Chantal Schenten-Keller (II)

D'Kira an säin neie Frënd Fernando
Illustratiounen : Pascale Junker


Déi ganz Geschicht huet ugefaang, wéi d'Léierin vum Kira senger Klass krank gouf
Si kruten dunn e neie Schoulmeeschter, den Här Schmit.
D'Kanner haten him awer ganz séier en anere Numm ginn : den " Af " .
Oder wéi géngs du een nennen, deen all Dag op d'manst dräi Bananen eraschléit ?
Doudsécher géngs du him och esou en Numm unhänken.
Mat deem neie Schoulmeeschter koum och en neie Klassekomerod.
De Fernando hat kuurz schwaarz Hoer an e war e gutt Stéck méi grouss wéi de Max.
Den Här Schmit huet der Klass dee Neie virgestallt an huet hinnen och gesot, datt de Fernando viru véier Joer mat sengen Elteren op Lëtzebuerg koum. Wéi et dunn awer geheescht huet, de Fernando sollt sech niewent d'Kira an d'Bänk sëtzen, du gouf et décke Butték ! De Max, dee ganz verléift an d'Kira war an ëmmer niewent him souz, huet sech misse bei de Joe sëtze goen. En huet sech vu Roserei bal net gepackt. " Blöden Af ", huet e geknoutert, wéi en sech ganz lues aus der Bänk gehuewen huet.

D'Paus hat nach net richteg ugefaang, du goung de Sträit scho lass.
" Schon erëm esou e blöde Portugis ", huet de Max gebläert, " kanns du iwwerhaapt Lëtzebuergesch schwätzen, oder solle mir vläicht alleguer Portugisesch léieren ? "
D'Anne wollt sech och wichteg maachen a sot : "D'Portugise streide souwisou vill méi wéi mir, a mäi Papp seet,
si géngen eis eis Aarbechtsplazen ewechbotzen. "
Och de Joe wollt säi Pefferkär bäileën : " Si sollen dach nëmme bleiwen, wou se hierkommen ", huet e gemeckert.

Ouni e Wuert huet de Fernando deem Gebraddels nogelauschtert.
Op eemol ass him awer de Kolli geplatzt, a seng Fauscht ass op dem Max seng Nues geknuppt,
datt deen d'Stäre gesinn huet.
D'Nues huet geblutt, an en huet gebläert wéi e Fierkel um Spiiss.
Du koum de Jerry sengem Kolleg hëllefen an huet de Fernando op de Buedem gehäit.
et goung eng richteg Kläpperei un.
Déi aner stoungen alleguer ronderëm an hu se mat hirem Gejhäiz nach méi ugefeiert.
D'Kira hat richteg Matleed mam Fernando, mä wat hätt et kënne maachen ?

………………..

Wat si dem Schoulmeeschter nach gestiicht hunn a wat an dem rosae Bréif stoung,
dat verroden ech iech awer net
………………

Vill Freed beim Liesen !



Verlag :Op der Lay

Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

© Chantal Schenten & LSV, 2001