|
Chantal
Schenten-Keller
(I)
D'Kira
an de Buschtawesträit
Illustratiounen
: Pascale Junker
Moie
léif Kanner !
Ech
sinn de Wusch, dem Kira säi Mupp.
D'Kira ass meng beschte Frëndin !
All Owend erzielt et mir, wat et alt esou an der Schoul erlieft huet.
Mä wat em awer gëschter bei den Hausaufgabe passéiert ass,
dat muss ech iech elo onbedéngt erzielen.
D'Kira huet 8 Joer, käschtebrong Hoer a wonnerschéi brong Aen.
Hatt spillt fir säi Liewe gär, an ech och,
mä leider …geet d'Kira an d'Schoul
an huet guer net méi vill Zäit fir mech.
Hei leien ech um Teppech, meng véier Patte vu mir gestréckt, beim Kira
senge Féiss.
Ech waarden, datt et endlech fäerdeg gëtt.
Mä wéi ass dat esou langweileg.
D'Kira brauch einfach eng Eiwegkeet fir déi puer Sätz do op de Pabeier
ze bréngen.
A wann et keng Loscht huet, da geet awer guer näischt méi.
Grad wëllt d'Kira " spillen "schreiwen, do spréngt de Buschtaw
S an d'Lut a leeft hellewech fort.
dem Kira sinn d'Aen an de Mond vu Schréck opstoe bliwwen, an hat huet
net laang iwwerluecht , mä et ass opgesprongen a séier hannendru gelaf.
Op eemol hat et d'Gefill ze schwiewen
Ëm hat war alles wäiss, an am Hannergrong huet et laang blo Weeër gesinn.
Mä wou war et dann elo ? ?
|