Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

Josée Kratochwil (I)
 

Lueses.

Vu lauter Dorëmgoen
wéi e luest « sech verieren »
gëss du gedriwwe vun dir selwer
ouni z'erkenne wéisou,
ma geff der Schounung
wëi e Vull, dee sech Flugpause gënnt
a wann's du der Rou begéins
déi dir méi Räiches schenkt ewéi al aneres,
looss dech net laanschtgon
well onsiichtbar Lueses ass ze kostbar
a wann e freedegt Biewen dech schmunzeln deet
spiers du, datt d'ganz Welt fir dech lieft,
all Sandaueren dreiwen an d' Mier,
Téin, Parfumen, Faarwe bleiwen duerchsiichteg
a wärte just als Randfigur erschéngen,
wann ongebraucht Wierder
an den Ecke vun der Welt kaueren.

Josée Kratochwil

Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

© Josée Kratochwil & LSV, 2002,   2007