Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

Jhemp Hoscheit (III)
 

Aacht Deeg an der Woch


Kapitel 36

D'Sylvie hat sech alles am Kapp virbereet. Ah! Dei Laangspillplack. Wann déi net gewiescht wär. Vir um Cover sinn d'Beatles als Serjanten ugedoen. Si hu faarweg Kostümer un. Mat Kordelen, gëlle Sträifen, sëlwer Knäpp an Epauletten, un deene Fränjelen hänken. Virun hinnen ass e Blummebeet, an deem den Numm BEATLES aus rouden Hyazinthe besteet, an eng Gitar aus gielen Hyazinthen. Op der décker Tromm steet Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band. Hannendru si Portraiten an ausgeschnidde Figure vu bekannte Perséinlechkeeten aus der Welt vun der Musek, dem Film, dem Sport, der Literatur, ënnert deenen d'Sylvie der e puer erkannt huet, wéi zum Beispill de Bob Dylan, den Décken an den Dënnen an d'Marilyn Monroe. Lénks vun den echte Beatles stinn d'Wuessfigure vun de Beatles am Kostüm. Wax figures by Madame Tussauds steet hannen op der Plack. De Cover, an deem nach e Kartongsblat mat Billercher, Badgen an engem Sgt. Pepper-Schnurres fir auszeschneide stécht, kann een opschloen, an et gesäit een déi grouss Portraite vum Ringo, vum John, vum Paul a vum George.

Ah! Wann déi LP net gewiescht wär, da wär alles net sou komm, wéi et huet misse kommen. A wann dat besonnescht Lidd net drop gewiescht wär. Mam Text hannen op dem Cover. Mee dat Lidd war drop. An d'Sylvie huet dat Lidd gelauschtert a matgesongen, wa seng Eltere fort waren, net ze haart, wann s'eventuell erëmkomm wären, an hatt hätt et net gemierkt, well d'Sylvie wollt net, datt seng Elteren, wann se d'Lidd géifen héieren, sech eppes dobäi denke kéinten. Well esouvill Englesch huet säi Papp och verstanen, datt en net hätt kënne stutzeg ginn an sech hätt froe kënnen, firwat d'Sylvie dann eigentlech dat Lidd sou dacks lauschtere géif. Neen! Seng Eltere sollten näischt gewuer ginn. Näischt sollt d'Sylvie drun hënneren, déi Saach duerchz ezeien.

D'Sylvie hat sech d'Saach laang iwwerluecht. Et hat sech eng Zäit gefrot, nodeems et d'Lidd nach e puermol gelauschtert hat, ob hatt dann sou kéng kéint sinn. De She war ëmmer iergendee Meedchen, iwwer dat d'Beatles e Lidd geschriwwen haten. E friemt Meedchen. Awer op eng Kéier, d'Sylvie wousst net wéisou, op eng Kéier huet hatt sech gesot, wéisou hatt dann net de She kéint ginn, kéint sinn. She is leaving home. Also net iergendee Meedche leeft vun doheem fort, nëmmen an engem Lidd, mee hatt – d'Sylvie – leeft vun doheem fort. A Wierklechkeet. Hatt géif wierklech fortlafen. She's leaving home. An dofir misst alles d'selwecht si wéi am Lidd. Alles misst esou verlafen, wéi d'Beatles et an hirem Lidd beschreiwen. Sou wéi wann d'Beatles him eng Roll op de Leif geschriwwen hätten, eng Roll vun engem Meedchen, dat vun doheem fortleeft, well seng Mamm him verbueden hat, op en Thé Dansant ze goen, well et eemol, eemol! ze spéit vun enger Frëndin heemkomm war. Mee dat woussten d'Beatles jo net. Egal! Mee d'Sylvie misst sech un all Uweisung halen, déi d'Beatles am Lidd fir hatt virgesinn hunn. D'Beatles géifen him Schrëtt fir Schrëtt hëllefen. D'Decisioun war gefall. Hatt huet sech nach just gedanklech a moralesch drop virbereet, fir datt et prett wär, wann dee groussen Dag kéim. Et misst e Mëttwoch sinn. Sou hat et a säin Tagebuch geschriwwen: Mëttwochs, den 29. Mee, lafen ech vun doheem fort.

Wednesday morning at five o'clock as the day begins géif hatt seng Kummerdier lues zoumaachen, silently closing her bedroom door, et géif d'Trapen erofgoen, she goes downstairs (déi Saach mam clutching her handkerchief géif hatt sech erspueren), et géif säin Abschiedsbréif um Schungschiefche leie loossen, leaving the note that she hoped would say more (vum Schungschiefche steet näischt am Text, mee d'Sylvie huet fonnt, datt dat déi Plaz war, wou den Abschiedsbréif am beschten opfale géif), et géif d'Dier mam Schlëssel, deen um Schlësselbriet hänkt, opspären. Déi viischt Dier. Et géif also net – wei am Lidd – duerch d'Kiche goen a mam backdoor key d'Dier opspären. Well dat war d'Dier, duerch déi een hannen eraus goe misst, fir op d'Terrass ze kommen, vu wou een erof an de Gaart kënnt. Mee duerch de Gaart kéint hatt net goen, well éischtens kéint en Noper, deen op d'Fréischicht misst, d'Sylvie gesinn, an zweetens kéint et net iwwert deen droten Zonk klammen. An da géif et erausgoen, e puer Schrëtt, an da wär et dobaussen, stepping outside, an da war et fräi:

She is free!

Aacht Deeg an der Woch. 380 Säiten. ISBN-10: 2-87954-159-X // ISBN-13: 978-2-87854-159-4, 25.00 EUR. Editions Guy Binsfeld 2006

Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

© Jhemp Hoscheit & LSV, 2006