Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

 
Jhemp Hoscheit (I)


Perl oder Pica


Eise Schoulmeeschter, den Här Treines, waart, bis mer all eise Knäipschutz opgeriicht hun. Soss fänkt en nët mat der Dictée un. Ech weess nët, watfiren Hauli en op déi topeg Iddi bruecht huet. Knäipschutz! Bei de viréchte Schoulmeeschteren hu mer dat ni bréichten ze maachen.

Op all Schoulbänk muss an der Mëtt e Buch opgestallt gin. Am beschten, en Atlas. Datt den Atlas stoe bleift, stellt een e mat de Buchdecklen op der Bänk a mam Réck no uewe geriicht op, wéi en ëmgedréinte V. Wann d'Decklen zevill ausernee stinn, rutscht d'Buch an 't fällt flaach aneneen. Wann d'Decklen ze no beienee stinn, da kippt et. Dat Schwéierst as also, den Atlas un d'Stoen ze behalen. Déi, déi hiren Atlas als Knäipschutz vergiess hu matzebréngen, kréien e Buch vun der selwechter Gréisst vum Här Treines aus der Klassebibliotéik am Schaf geléint.

"Gerechtigkeet muss sein", seet den Här Treines an hëlleft dem Théo an dem Robi hir Mauer mat engem frieme Buch opzeriichten.

Hie kuckt eng Kéier duerch d'Reien a fiert sech mat der Hand duerch séng stréieg Buuschten. E gläicht dem Mecki op de Kaarten, déi mäi Papp verkeeft. En as zefridden, datt jidderee gutt vu séngem Noper geschützt as. Lo kann de groussen Ugrëff kommen. E schléit d'Bichelchen op där Säit op, wou e schon eng Zäitchen den Daum drastiechen hat. Den Här Treines iwwerléisst ni eppes dem Zoufall. Den Ugrëff kënnt nët spontan, mee e gouf virbereet. Ganz bestëmmt huet en déi schwéierst Dictée erausgesicht, déi am Buch steet. E puer Schüler aus der Klass as et souwisou egal, wéi schwéier se gët. De Vic, den Tun, den Aloyse verléiere meeschtens d'Schlappen ënnerwee. An de Bouni, deen souvill Feeler mécht, wéi e laang as, dee bléist a keimt iwwrem Schreiwen, a wann e mengt, e wär schon am Minus, an d'Diktat as eréischt an der Halschent, da gët en op a klaakt alles bei der Däiwel. Ech misst méngem Papp emol soen, e soll hinnen eng Käerz brennen.

De Bouni as deen eenzegen, dee kee Knäipschutz brauch. Hie sëtzt aleng. Déi aner zweeandrësseg Schüler sëtzen zwee an zwee an de Bänken. Mäin Noper as de Guy, deen am Franséischen zimlech schwaach as.

"Dictée!" seet de Mecki.

A wéi en dat seet! Säin hannerlëschtegen Toun verréit, datt e wëlles huet, eis all mat de schwéiersten Accorden an de komplizéiertste Wierder eranzeleën. E kuckt op mech, wéi wann e mer wéilt ze verstoe gin, och du kriss et dës Kéier schwéier! Wann e méngem Papp eppes vun der Prüfung sot, da brennt nët wäit vun der Dellhéi­Schoul, an engem Eck vun engem Geschäft eng Käerz. Mäin heemleche Kompliz, wann et brenzleg gët.

De Guy as amgaang ze testen, a watfirenger Positioun en de Kapp hale muss, fir iwwert den Atlas ewech a mäin Heft ze luussen. Et as neemlech wichteg, datt de Kapp nët bougéiert, datt een sech keen Zantimeter opriicht ­ déi geréngste Bewegung fällt dem Treines op ­ mee datt een an der richteger Héischt mat den Aen eriwwer balucke kann, ouni datt de Schoulmeeschter, deen ëmmer stuer vrun der Klass stoe bleift, eppes an Uecht hëlt. E steet ëmmer op enger Plaz, wou en eis am beschten am A behale kann. 

Den Här Treines hemmst eng Kéier. Et geet lass.

"L'attaque des Indiens."

Do! Ouni s. Schon e Feeler an der Iwwerschrëft. Ech hun eriwwer baluckt a gesinn, datt de Guy mengt, et wär nëmmen een Indianer. Wéi kann ech dem Guy ze verstoe gin, datt en en 's' muss unhänken. Hien as e bëssche méi kleng wéi ech, an sou wéi en do sëtzt, gebéckt a verkrampft, kann hien nët op mäi Blat gesinn, a wann en nach esou gutt baluckt. 

"Ssss," summen ech ganz lues, wéi wann ech mech vrun den Indianer an Uecht misst huelen.  Esou wéi ech et nujele muss, kann de Guy et nët verston. 

"Et gët nët geflüstert!!!"

Et geet weider. D'Indianer komme geridden. Op geklaute Päerd. Bei den Diktater passen ech meeschtens nët op de Sënn op. Dat heescht, ech kréien en nët mat, well ech mech op déi eenzel Wierder konzentréiere muss, an da geet den Zesummenhang gär fleeten. Souwisou huet de Mecki keng Ahnung vu leschte Mohikaner a Sitting Bullen. Lo sin et nët méi d'Indiens, mee d'Peaux Rouges. Op kee Fall zweemol dat selwecht Wuert, gell Här Treines! A firwat mussen et dann 'méchants peaux rouges' sin? Well mer vläicht bei zwéin Adjektiver
wéinstens eemol den 's' vergiessen? Firwat mussen d'Indianer ëmmer béis sin? Den homme blanc Treines as och méchant.

Guy! 'Rouge' kritt och en 's'.

Et muss eppes geschéien. De Guy kritt nët eriwwer gebiischt. Ech beréieren de Buchdeckel op ménger Säit mam Ielebou, datt e soll no bausse rutschen, an datt déi Barrikad, déi tëscht den Hefter steet, méi niddreg gët. Awer neen! D'Palissad rutscht nët no baussen, mee réckelt méi no bannen. D'Palissad as gewuess. De Guy kann onméiglech mat den Aen eriwwer klammen. Guy! Riicht dech op! Hief de Kapp! Den Treines kuckt grad nët. Hie muss en anere Schüler am Viséier hun. E seet näischt. Ech hiewen de Kapp. Ech weess nët, wien den Treines mat rosene Blécker strooft. E seet näischt. E verhält sech alles. D'Indianer reide weider.

"Ils traversent un fleuve dont le niveau d'eau n'est pas très haut."

Dat as keen Text aus engem Buch. Keng Iwwersetzung aus dem 'Letzte Mohikaner'. Dat as eng Créatioun vum Här Treines. Deen huet sech dee Kéis selwer aus de Fangere gesuckelt. Méng Mamm géing fir dat eng
'Hausmaacherdictée' soen. Den Treines sëtzt nuechtelaang doheem an erfënnt Topegekeeten, sicht Wierder fir eis ze verkuebelen, Kläng fir eis ze pisaken. De groe Wäisse Mann mécht sech e Spaass draus, eis, déi friddlech, brav, onschëlleg Männercher, ze péngechen. Géif dach eng Routhaut deem säi Stoppelfeld vun der Kopp erof skalpéieren. Ich habe gesprochen!

Ech muss pësperen. Guy! Et as 'dont le niveau', nët 'dans le niveau'. Eng Fal. Eng dreckeg Fal matsen am Floss. Firwat hues de se nët gesinn? Maach dem Feind dach nët dee Gefalen! Ech muss eppes maachen. Ech stoussen eng Kéier fest widdert de Buchdeckel. Palissad, zu wiem häls de? Lo rutscht d'Buch ze séier. Ech muss et mam Ielebou bremsen, soss geet et ganz an d'Getten. Den Här Treines mierkt näischt. E steet op där anerer Säit vum Floss a gesäit nët, wéi ech mam Ielebou eis Palissad stäipen. Ech loosse lass. D'Palissad hält. Si steet méi niddreg wéi virdrun. Guy! Lo as et un dir! Trau dech. Baluck! Ech weess, am Ufank gesäis d'alles ganz verschwomm, du erblécks nëmmen dréif Buschtawen, wéi wa Waasser d'Tënt verriwwen hätt, du gesäis och nach d'Nuesspëtzt ganz onschaarf, awer wann déng Pupillen sech bis un déi ongewinnte Positioun am Eck vum A gewinnt hun, da gët erëm alles gestache schaarf. D'Indianer waarden op där aner Säit vum Floss.

"Leurs chevaux, ils les ont cachés derrière un talu."

E knaschtege Participe passé, op deen ech nët erafalen, awer e Wuert, dat ech nët kennen. Talu? De Guy mécht en 's' un den 'talu'. Lo sträicht en den 's' duerch. Dat heescht, datt en eriwwer gesäit. Mir si gerett. Dem Guy säi Falkenauge gesäit op mäi Blat. Mee wéi kann ech him ze verstoe gin, datt ech mer nët sécher sin, wat den 'talu' ugeet. Et gi Wierder, déi kréien och an der Einzahl en 's'. As 'talu' eent vun deenen? Vläicht. Soss hätt den Här Treines et nët erausgesicht.

Lo stellen d'Indianer den hommes blancs e wat? E gétapen. Ah neen! Mecki! Dat geet ze wäit. Wou gees de nëmmen déi Wierder sichen? Mengs de wierklech, fir eis op den Opnahmexamen ze trimmen, misst d'an den décksten Dictionnairen no den ausgefalenste Wierder wullen? Guy! Wannechgelift! Schreif 'gétapen' nët sou wéi ech. Du weess, wat ons blitt, wa mer déi selwecht Feeler hun. Schreif 'gétapen' wéi s de wëlls, awer schreif et anescht! 

D'hommes blancs trauen sech iwwert de Floss.

"Ils croient qu'il n'y a pas de danger."

Dem Mecki séng Stëmm kléngt, wéi wann et lo endlech fir déi knaschteg Indianer geschitt wär. E liest, wéi wann e matsen an der Geschicht wär. E reit mat. Duggedug. Duggedug. D'Cowboyen hun d'Indianer gesinn. Et gët geschoss. De Floss as nët breet. Den éischten Indianer fällt vum Päerd.

"Touché par une balle meurtrière."

E schéine Féminin. De Bouni keimt an der leschter Bänk. D'Dictée as nach nët an der Halschent, an hien as um Enn.

"Ech gi mech geschlon!" rifft e vun hannen.

D'ganz Klass muss laachen. D'Befreiung! Mir schloe mat de Fäischt op d'Bänk, fachen eis op d'Knéien. Mir profitéiere vum Bouni sénger Bemierkung, fir eis aus eiser ugestrengter, gebéckter Kierperhaltung ze befreien a fir déi doudeg Rou z'ënnerbriechen. Mir laache wéi d'Haalwerweis.

"Hackertjës!" brëllt den Här Treines, dee beleidegt as, datt grad an deem spannendste Moment vum Diktat der Däiwel lass as, an datt séng Geschicht dorënner leit.

"Un autre Indien est touché au genou!"

Hoffentlech mécht de Guy keen x un de Knéi. Dat as nëmme bei de genoux de Fall. Denk un d'Ieselsbréck. De Moment geet et nët ëm Ieselen, mee ëm Päerd.

"Ils appellent leurs chevaux."

Et as nach ëmmer nët roueg. Den Här Treines wëllt weider liesen, en huet de Fuedem verluer. E flucht op lëtzebuergesch. Dat gët mer d'Geleënheet, d'Palissad nach een Zantimeter erofzeloossen, fir dem Guy Falkenauge sénge Pupillen e bessere Wénkel op mäin Terrain ze bidden. Et gët nach geschoss aus méi wéi 'cent fusils'. 'Cent' kritt nie en 's'. Dat wëssen se schon am drëtte Schouljoer.

"Le sang coule". 

Typesch Mecki! Selwechte Klang, aner Schreifweis! De Guy huet 'Le cent coule' geschriwwen. Wann ech lo näischt ënnerhuelen, dann as de Guy k.o. De Mecki ermëlzt een, wann et am Diktat vu Feeler nëmmen sou wimmelt. De Guy gesäit elo besser eriwwer. Ee Gléck! Ech gesinn, wéi e 'cent' verbessert. Do kënnt den Treines mat energesche Schrëtt bei eis Bänk an dréckt mat der flaacher Hand dem Guy säi Kapp bal sou déif bis erof op d'Blat, datt d'Nues de Pabeier beréiert.

"A gare la Box, du bougéiers!" seet en.

"Mussen si dat schreiwen?" freet de Bouni.

Nach ier mer de Mond kënnen oprappen, fir ze laachen, bläert den Här Treines wéi e Waldiesel: 

"Deen éischten, deen de Bak opdeet, flitt vrun d'Dir. An Null am Diktat!"

Kee muckst. Ech bäissen op d'Zänn.

"Ech gi fräiwëlleg!" seet de Bouni an trëppelt aus dem Sall. Den Treines seet näischt. De Guy as hannert der Palissad verschwonnen. Ech gesinn nëmme säi schwaarze Widderbuuscht. Lo as hien op sech gestallt, allein auf weiter Flur, an néirens e Lach an den zwou Hemisphère um Atlasdeckel fir derduerch ze luussen. Wann dat alt riicht ausgeet. 

Et as mer elo och egal, wéivill Indianer gekillt gin. Gewier géint Feil a Bou. Typesch Treines! Eng Pelikano schreift. Méng Hand follécht. Um Blat vermëscht sech Tënt mat Blutt. Riets niewent der Bänk wibbelt d'Klensch e puermol. Dat as de Bouni. Jiddereen, dee vrun d'Dir flitt, muss d'Dir fest widderzéien an dobäi d'Klensch erofgedréckt unhalen. Ier den Här Treines eis gezwongen hat, op déi Manéier bei der Dir stoen ze bleiwen, si mer ëmmer am Gank op an of spadséiert, hun mol deen een oder anere Schüler begéint, si
bis op d'Toilette getrëppelt, mee lo geet dat nët méi.

"Tous les Indiens ont été tués."

Den Treines widderhëlt säi Kabes vu vir un. Ech fanne kee Feeler méi. Et as mer wurscht. E seet, am Lycée géingen aner Säiten opgezu gin. Dofir hätt e méi séier gelies an nëmmen eemol widderholl. E mécht eis ëmmer gär Angscht.

"Nach dräi Minutten, da git der of!"

Ech maachen eng Course um Pabeier. Mir mussen eis Pelikano nidderleën. De Mecki léiert eis d'Spillregelen an der grousser Schoul. Et schellt. Den Här Treines hieft eis Hefter op. A séier an d'frësch Loft. Dobaussen huet et geschneit.
 

Ausschnëtt (2. Kapitel) aus 'Perl oder Pica' vum Jhemp Hoscheit
Editions Schortgen, 1998, 1999 - ISBN 2-87953-527
* 3e prix Concours littéraire national pour romans 1997
* Prix Servais pour le meilleur livré édité au Luxembourg en 1999

 

Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens
© Jhemp Hoscheit & LSV, 2001