|
Pol
Greisch
(II)
Fir meng Mamm
Aus engem laange Bréif
II.
Ech schellen un eiser viischter
Dier. D’Dier geet op. Vum selwen. Ech stinn an eisem Gank. Vrum
Asparagus. Seng dënn Ärmercher hänke verdrësslech
iwwert d’Console bis bal op de Buedem. Hien huet sech elle gerëselt,
eng sël- leche NoIe verluer. Hien ass razeg. Méi giel
wi gring. Hie bräicht Waasser .
« Dai Stack erdiischtert! » Ech
hu keng Stëmm. Ech sinn hees.
Du weis Dech net. Du bass dach esou houfereg
op Däin Asparagus.
Direkt riets de Gank fir op d’Haischen. D’Mantelbriet.
Vrum Haischen lénks ëm d’Kéier d’Kellertrap.
A riichtaus d’Dier fir an d’Kichen. A just virdrun, lénkerhand,
di gutt Stuff. Déi Dier ass nëmme bai. Ech stoussen
s’op. Si kraacht. ‘t kënnt kal a stéckseg aus der
Stuff. Dem Monni Jemp säi Piano steet nieft der Gliesendier
op. D’Gliesendier fir an de Büro ass zou. De Chrëschtbeemche
brennt. Ech zéien de Stecker eraus. De Beemche brennt nach
ëmmer. Wou ass de Buffet? Ech zéien d’Dier nees bäi.
Iwwert d’hëlzen Trap am Gank leeft de
roude Läufer bis op de Pallier.
|
D’koffer
Staange misste geblénkt ginn. Wou bass Du? Ech fäerten
trapaus ze gon.
Mai Schoulsak ass schwéier wi Bläi.
Beim Konsum steet d’Dier op: wëddenaffen.
‘t richt no geréischtertem Kaffi. Ech hu vergiess mer en
neit Heft ze kafen: mat Haisercher. Fir
d’Recheprüfung. Kempen hunn zou. Ech lafen zréck bei
Wollefs. Wollefs hunn och zou. Den Tram steet an der Weich: eidel.
De Luese Wollef dréit d’Brems bai. Ganz gemälleg. D’Kap
rëtscht him an d’Akaul. Ech wénken him. Hie gesäit
mech net, kennt mech net. Hie misst mech dach kennen: Dacks stinn
ech nieft him op der Plattform. Ass hie Famill mat Wollefs? Déi
al Wollefs ass och eng gemälleg: eng léif fei Fra. Ma
de Luese Wollef ass nach méi gemälleg.
‘t ass bal fir d’Midderchen ze kréie mat him. Dag fir Dag
scharjeekelt hie mat sengem rabbelegen Tram laanscht Wollefs. Mam
Numero 28. Firwat dréit hien d’Kierb net e puer Kräck
méi wäit? Bis hannenhin? Wéi de Friessjängi
mam neie 26. Deen hält schonn an der Weich. Normalerweis. Éiweg
misst hien op de Luese Wollef waarden, seet de Friessjängi.
Awer haut ass kee 26 ze gesinn. SolI deen ieren entgleist sinn?
Bei der Weidesch? Am Eecherbierg? Duerch déi sëlleche
wieleg Blieder ... |

Zeechnung: Roger Manderscheid
|
‘t
gëtt héich Zäit. Ech jauwen de Schouwee nees erof.
Vläicht léint de Leo mer en Heft? De Stemper steet op
der Dier. Oder ass et de Sassel? Hie fémmt: eng Selwergedréiten.
Seng Ae si blatzegrout. Routblatzeg. Ech fannen d’Schoul net erëm.
Ech fannen eist Graf. ‘t sti friem Nimm drop.
Oder iren ech mech? De Marber ass stëbseg. Ech schëdden
eng Strenz Waasser driwwer. D’Buschtawe fänken un ze danzen,
ze schwammen. Da juppelen se nach e bëssen. Glënneren.
Wi Séirousen. Nom Reen.
|
Edition des
Cahiers Luxembourgeois, Nic Weber, Editeur, 2000
|