|
Pol
Greisch
(I)
Fir meng Mamm
Aus engem laange Bréif
Schwätz
mat mer
da gesinn ech dech
Laach mat mer
dann héiren ech dech
Déit ech kräischen
du géifs verschwannen
verwëscht wier däi
Gesiicht
Wann ech schreiwen
da bleift et
vläicht
|
|

Zeechnung:
Roger Manderscheid |
Du
hues näischt méi héieren, näischt méi
verstan. Och wann ech d’Gedold gehat hätt, deeglaang bei Der ze
sëtzen, Der ëmmer nees ganz lues an däitlech ausernaner
ze donken, wat Dech vläicht nach intresséiert hätt,
ze verziele vu gëscht an haut, fir äis een deem aner méi
no ze bréngen, well ier- gendwéi ware mer äis dach
e bësse friem ginn, jiddefalls zanter ech Dech net méi gebraucht
hunn…, och wann ech d’Gedold gehat hätt, ‘t wier näischt méi
eragaang an Däin aarme Kapp: Si haten Der en zevill verschampléiert;
Du hues Der net méi geglach.
Hat dat wierklech misse sinn, froen ech mech haut?
Hu se m i s s e n opmaachen, dee Réierchen asetzen, fir dat wässeregt
Blutt erauszezéien? Firwat nach déi Plo, déi Schënn,
wa souwéisou…?
«Huel mer dat Déngen ewech, ‘t
deet mer wéi. Dat ass mäi Kapp net méi. Wat hu se
mat mengem Kapp gemaach?», hues De gejéimert, an Deng
kropeleg Fangeren hunn um Bandage getriwwelt, gezunn a gerappt. Deng
Bee si gaang wéi geckeg vun elauter Péng an Nervositéit;
ëmmer erëm hunn ech Der s’ageriwwe mat dar deierer Salef,
wou net vill dra war an der Tube, an Du hues awer drop geschwuer, souguer
wa se näischt gedingt huet. Fir d’éischt hunn ech Der da
missen déi laang fest Strëmp erofstrëppen. «Firwat
donge se mer déi laang Strëmp un? Si stremme mech! Alles
stremmt mech: de Kapp, d’Been, d’Box, alles! Komm mir ginn heem! ‘t
ass esou schmeier, sou gliddeg. Ech sinn duuschtereg. Erdiischtere géife
s’ee loossen! Komm mir ginn!»
(...)
Hat ech Der gesot, wéi schéin s De
waars ? Ech mengen, Du hues et nach matkritt, ech ka mech elo erënneren.
‘t ass schonn e Strapp hier, Du waars nach besser, scho schlecht gehéiert
hues De, net méi vill geschwat, an awer nach eng Grëtz besser
waars De: Mir hunn zesummen déi sëllechen al Fotoe gekuckt.
Ëmmer erëm hunn ech déi éischt Säite vum
Album missen opschlon, déi wéi ech nach net do war… Ëmmer
erëm dat schéint jonkt Meedche mat de laangen Hoer bewonneren...
Kann et sinn, datt ech an deem sengem Bauch gestruewelt hunn, e puer
Joer méi spéit?
Vläicht ass, wéi ech Der gesot hunn,
wéi schéin s De waars, e klinzegt Blénken an Deng
traureg Kuck geroden, een Ament just, deen duergoung, fir de Glach vun
deemools erëmzefannen…
Edition des
Cahiers Luxembourgeois, Nic Weber, Editeur, 2000
|