|
Les
Membres
Christiane
EHLINGER
Gebuer den 20. Abrëll 1947
zu Lëtzebuerg
Léierin zu Hesper
Schreift Kannerbicher op
lëtzebuergesch
1998 kruet si de " Gëllene Schniewel " fir hirt Gedicht: Elo geet
et awer duer! Dat wor den éischte Präis vun engem
Mondaartconcours, organiséiert vum Saarländischen Rundfunk
a vun der Saarbank.
Bibliographie
- 1999: KRABABBEL.
Flott Gedichter fir kleng a grouss Kanner, fir ze
schmunzelen, fir ze laachen, fir virzeliesen, selwer ze liesen,
auswenneg ze léiren an opzesoen.
Mat engem CD wou eng Parti Gedichter vum Tun Weber, Schoulmeeschter zu
Hesper, vertount goufen. D'Kanner kënne lauschteren, matsangen an
um Play-back nosangen.
D'Buch ass illustréiert mat faarwege Biller vun den Hesper
Schoulkanner.
Erauskomm bei der Imprimerie Centrale.
- 2000: RIVENNAH. Eng
lëschteg a spannend Geschicht vun engem klengen, bloen,
ausseriirdesche Männchen.
Am Buch intégréiert sinn 2 CDen:
* Ee Museks-CD wou d'Geschicht als "Hörspiel" textgetrei erzielt
gëtt a mat Musek a Lidder ënnerluecht ass. Dësen CD gouf
och vum Tun Weber realiséiert.
* Een CD-Rom wou een um PC oder um Mac 3D-Videosequenzen vun der
Geschicht als Animatioun kucke kann.
D'Buch steet ënner dem Motto: liesen, lauschteren, kucken.
D'Hesper Schoulkanner hunn och dëst Buch schéi faarweg
illustréiert.
Erauskomm bei der Imprimerie Centrale.
Texte: Ares - Gethsemane-Himalaya - Vertonte - Kein Hund - Weiß -
Kehlkopf
- 2001: SCHWÄTZ
KEE BLECH…. SOSS HAS DE PECH. Eng Panoplie vu
lëschtege Gedichter fir Kanner aus dem Primärschoulsalter.
D’Gedichter goufe vum Tun Weber vertount.
Mat 2 inteegréiert CDen: gesonge Versioun an instrumental
Versioun.
De Gilles Kutten huet d’Buch schéi faarweg illustréiert.
Erauskomm bei der Imprimerie Centrale.
- 2002 : Mention
spéciale am CONCOURS LITTERAIRE NATIONAL.
Thema : Theater fir Kanner. Fir de Kanner-Musical: KLONI KLUNNES
- 2003 : KLONI
KLUNNES - een interaktivt Buch mat CD a Molbuch - Fir
Kanner vun 3 Joer un. Illustréiert vum Gilles Kutten - Musek :
Fernand Neumann - Editioun: Imprimerie Centrale.
- 2004 : D'LYNN AN DE CHAREL.
Wou komme mer hier a wou gi mer hin? - Eng Geschicht op
lëtzebuergesch iwwert d’Sexualitéit. illustréiert
vum Jean Leesch Imprimerie Centrale
- 2005: ZARABINA
- een interaktivt Buch mat CD an Aarbechtsheft. Fir Kanner
vun 3 Joer un. Biller: Gilles Kutten Musek: Fernand Neumann. Editioun: Imprimerie Centrale. Fir ze liesen, fir ze lauschteren, fir ze
sangen, fir ze molen a fir zielen ze léieren.
- 2005: EE FEINE
JONG. Den därege Wee vun engem lëtzebuerger
Drogéierten. Imprimerie Centrale, 15 EUR.
Bestellen iwwer CCPL: IBAN LU18 1111 0316 5028 0000
- 2006: UN DROGUÉ SYMPA - traduction française de par
Julien Primout. Imprimerie Centrale,
ISBN : 2-87978-051-9, 15 EUR.
- 2008 : Zesummenaarbecht mam Sandra B. WEE GEET PAPPA ENG BÉIER SICHEN?
D’Sandra B. erzielt hir authentesch Liewensgeschicht: sexuelle Mëssbrauch, Kandheetstrauma, Agespaartsinn, Selbstmord, Muerd... an e Liicht am Tunnel. Editioun: Imprimerie Centrale, 15 EUR. ISBN: 978-287978067-2 - Fir Jugendlecher an Erwuessener
- 2008 : DE ROUDE FUEDEM - Richteg lëtzebuergesch schreiwen. En Orthographiesbuch fir den deegleche Gebrauch: an der Schoul, doheem, op der Aarbecht, am Veräin. Mat de wichtegste Regelen, ville Beispiller, einfachen Exercicen an hire Verbesserungen.
Editioun: Imprimerie Centrale, 22 EUR. ISBN: 978-287978063-4
- 2009: AN ELO, FEINE JONG? An dësem Buch gëtt beschriwwen, wéi et an de 4 Joer nom Erschénge vum Buch: EE FEINE JONG weidergoung. Et geet Rieds vu positiven an negative Gefiller, vun Hoffnung an Trauer, vu Freed an Angscht, vun Optimismus an Nidderlagen. Huet de Pit et elo mat 38 Joer gepackt aus den Drogen erauszekommen? 152 Säiten. Editioun: Imprimerie Centrale, 15 EUR. ISBN: 978-287978086-3

Kontaktadress
61A, rue de Gasperich
L-1617 Luxembourg
E-mail: CHREHLI@pt.lu
Texter:
Elo geet et awer duer
(mat Illu. 60 Kb) - Krababbel
(mat Illu. appr. 95 Kb) - Rivennah
(mat Illu. appr. 200 Kb) . Schwätz kee Blech (Illu.
appr. 60 Kb) - Kloni Klunnes (Illu.
appr. 65 Kb)
©
LSV, Christiane Ehlinger & GW, 2001 - 2003, 2005-2007, 2009
|