|
Josy
Braun
(III)
Elegie op bommen
Zäiten
Wéi d'Zäit vergeet,
wéi d'Jore séier fléien!
Scho schwätzen déi, déi mir réischt just gezillt!
Eleng wat haut ass, zielt, keng Hunne kréien,
no deem, wat sech réischt gëschter ofgespillt.
Wien deemools déck Affäre
mol wollt lëften,
dee weess et: Jor fir Jor goung séier ëm,
a vun de skandaléisten Iwwerschrëften
fannt Dir no fofzéng Joer keen Tëppelche méi rëm.
An dach hunn däischter Typen,
där ganz Heller,
där, déi mat Wäiwaasser gewäsch,
och haut nach Läichen an dem Keller
an d'Doudeschäiner an der Täsch.
Se laache frëndlech, lecke
sämtlech Panen
an jetten dekoréiert uechtert d'Welt.
"Korrupt" huet deemools an der Press gestanen,
mä 't ass ke Schwäin, dat sou eppes verhält.
Hei rullt kee Kapp, hei fält
een héchsten d'Trap rop.
An d'Vollek mierkt dermeescht net, wat hei leeft.
Där Décker doe mat der Zäit eng aner Kap op,
an d'Leit gi vu Kapuzemänner ageseeft.
En Näischnotz ass haut Barong
oder Greefchen,
op senge Käertercher steet "von und zu".
A wien e Wollef war, wier gär nees Scheefchen
A gär nees mat der dommer Häerd per Du.
Wéi Blindgänger vermuuschte
bommen Akten
Am lëtzebuerger Suebel, a ganz lues
verschwannen Zeien aus der Zäit a Fakten -
a muer ass iwwer alles Gras gewuess.
j.b. 4. 9. 2000
|