Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens


Josy Braun (I)
 

Wann dës Trap verziele kënnt

 

1.

Heinsdo sëtzen ech summesch iwwer op der Terrass vum Café « beim Renert ». Do hunn ech déi  breet Trap mat de Léiwe viru mer, an ‘t gi mer, ob ech wëll oder net, honnert Saachen duerch de Kapp.

Wuel net op dëser Terrass, mä um éischte Stack am Haus niewendrun, stoung mäi Schreifdësch, a lo denken ech « 't ass bal net ze gleewen, datt dat well  zéng Joer hier sinn ! »

Et kënnt mer ëmmer vir, wéi wann déi zwéi Léiwe muenches verziele missten, well d’Trap, op där se stinn, ass där hondsgewéinlecher keng.

D`Léiwen haten ëmmer an hunn haut nach eng Engelsgedold. Zanter datt ech weess, gesäit ee Kanner op hinnen turnen, Freiesche sëtzen sech op se, fir geknipst ze ginn, an an deene leschte Jore schéissen ëmmer méi Japaner op si Dauerfeier aus hire  japanesche Fotoapparaten.

Op där Trap do ass Geschicht geschriwwe ginn, där enger an där anerer. Wéi d’Land onofhängeg gouf, stoung de Lentze Méchel op den Träppleken an huet de Lëtzebuerger säi fonkelneie « Feierwon » , eis éischt « Nationalhymn » virgesongen. Hei hunn eng éischte Kéier an duerno nach méi dacks –zeg Dausende vun Aarbechter d’Fauscht gehuewen ; o, déi Trap huet souguer fir e puer Stonnen eng gellech « Republik » erlieft, awer och e puer Joer laang missen erdroen, datt op hir Nazistiwwele rëmgeknuppt hunn.

Op där selwechter Trap hunn och kleng a schwaach Gruppe vu Leit hir Rechter reklaméiert oder hirem Ierger fräie Laf gelooss :  Theaterleit, déi géint d’Zensur protestéiert hunn, Leit am Rollstull, déi  bei deenen héijen Träppleken a virun deene verstackte Léiwe mat hirem aarmséilege Gefier um Enn waren.

Generatioune vu Politiker sinn dës Trape ropgeklommen, heinsdo souguer ropgefall, mä och alt  mol séier rof. Generatioune vu Journalisten hunn dëse Politiker bannen am Stadhaus nogelauschtert an alles opgeschriwwen. A méi wéi ee vun hinnen huet missen erliewen, datt op eemol dësen oder dee Journalistekolleg net méi bei him op der Journalistebänk, mä vir op engem Konzelljees- oder  uewen op engem Schäffestull souz. An dann huet méi wéi een sech gesot « du alen Iesel  sëtz well fir d"fënnefanzwanzegst hei, d"Budgetsdebatten ze « couvréieren » oder déi schrecklech Prozedur vun de Léierpersonals-Nominatiounen ofzesëtzen, an aner Kollege maache Carrière.

Aus menger Redaktiounsfënster hat een en Ausbléck, fir deen aner Zeitongen ee beneide konnten ; en Ausbléck net nëmmen op déi grouss fräi Plaz an op d’Kathedralstierm, mä och op d’Léiwen an d’Gemengentrap, an ‘t ass  engem kees entgaangen, wann sech do eppes Gréisseres gedoen huet.

Et gesouch een all déi wäiss an och net wäiss gekleete Meedercher, déi mat hire Bräitchemänner aus den Hochzäitskutsche geklommen an d’Träppleke ropgeknéchelt sinn.

2.

D’Léiwen hunn ni e Laut vun sech ginn, mä vläicht wëssen si, wéivill oder wéi wéineg Gléck vun all deene Glécksdeeg iwreg blouf.

Et gesouch ee feierlech Rolls-Royce-Karawanen op de Kuedler fueren an héich auslännesch Gäscht rausklammen. Mä wann een e puer Oldtimeren erbléckst huet, déi iwwer an iwwer mat Blumme gerëscht waren ; dann huet ee séier gewousst : Dat sinn d’Gäertner aus der Fiacrius-Brudderschaft, an ‘t ass Vältesdag, an d’Politiker kréien hire Bucki.

Ech gesouch och Joer fir Joer, wann se de Mäertchen opgeriicht hunn, an de Bléck op d’Knuedlertrap verspaart war ; wann et bal all Joer déi zwou Woche laang gereent a gefisemt huet,  an de Geroch vun de Fritten a Fësch a Gromperekicheler sech duerch d’oppen an zoue Redaktiounsfënstere gequëtscht huet. Da war ee frou, wann d’Gemengenautoe mat der Schmierseef nees koumen an de Paweesteng nees d’Fett ofgeschruppt hunn.

An et gesouch een all Juni, wann se fir den National-Feierdag net nëmme kéipweis rout-wäiss-blo Fuendelen, mä och freeschlech Kiosken opgeriicht hunn, aus deenen herno, dat heescht an deene Stonne virum grousse Freedefeier, aus zwanzeg Boxe méi wéi honnert Dezibel infernal Geräischer koumen, vun deenen déi Jonk behaapten,’t wier Musek. Um Knuedler kann een sech dee Kaméidi jo leeschten : d’Nerve vun de Léiwe sinn der wéi Wisbamsseeler, a Leit wunne souwisou keng méi um Knuedler.

Et gouf eng Zäit, du konnt et engem fir Trap a Léiwe baang sinn : Deemools, wéi se wéinst dem ënnerierdesche Parking de Knuedlerpatren hir Schanken a Säck gemaach an d’Maschinnen sech ëmmer méi déif an de Fiels gefriess hunn. D’Trap houng an der Luucht, hätt ee gemengt, an d’Léiwe stéingen um allerleschte Wippchen, fir net an dat gräisslecht Lach ze falen.

D’Kanner, déi haut op de Léiwen turnen, wëssen näischt méi vun deem Schantjen, a wann nei Politiker sengerliewen op d’Iddi kommen, fir nees  e Sprangbierchen op de Knuedler ze bauen, dann ass och net méi gewousst, datt dat well deen drëtte wier. Héchstens d’Léiwe géifen da gären de Kapp rëselen, mä dat hat den Tremont hinne vun Ufank u verbueden.


Le LSV | Ses activités | Ses membres | Liens

© Josy Braun & LSV, 2001