Et ass kloer, datt nieft de Buchpublikatiounen net all literaresch Aktivitéiten vun eise Membren opgezielt kënne ginn, wéi zum Beispill am Theater (Jean-Paul Maes, Jemp Schuster, Helminger Nico, Helminger Guy, Pol Greisch, André Link, Guy Wagner …); am Cabaret (Jemp Schuster, Roland Meyer, Pol Pütz, Jay Schiltz …), am Kanner- a Jugendtheater (Mireille Weiten-de Waha, Roland Meyer, Jemp Schuster …). Bäitreeg an Anthologien, Zäitschrëften, Zeitungen, Iwwersetzungen, Revuen, Liesungen, Bicherfoiren, Colloques, Liesungen an de Schoulen, am Ausland; Redaktioun a Mataarbecht vu Bicherbäilagen...
Publikatiuonen:
Juli 1996 - Juni 1997: 30 Publikatiounen vun LSV-Membren
Juli 1997 - Juni 1998: 27
Juli 1998 - Juni 1999: 18
Juli 1999 - Juni 2000: 25
Juli 2000 - Juni 2001: 30
Juli 2001 - Juni 2002: 32
Juli 2002 - Juni 2003: 26
Juli 2003 - Juli 2004: 33
Juli 2004 - Juli 2005: 31
Juli 2005 - Juli 2006: 31
* Josy Braun: Déi gréng Piscine am "Ruckelsbësch" bei Klengliller (E Krimi fir déi Jonk), Editions Phi, Esch, 2005
* Josy Braun: Feierowend (ausgewielte Geschichten aus dem vergraffenen 'Queesch derduerch', Egeverlag, 2005
* Jhemp Hoscheit: Wat wibbelt do am Schaf? (Gedichter fir Kanner; Illustratiounen: Anja Thielen), Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 2005
* Raoul Biltgen: perfekt morden (Roman) Molden Verlag, Wien, 2005
* Lex Jacoby (Text) + Raymond Clement (Kunstphotos): Naturpark Our, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 2005)
* Christiane Ehlinger: Ee feine Jong (Den därege Wee vun engem lëtzebuerger Drogéierten), Imprimerie Centrale, Luxembourg, 2005
* Guy Helminger: etwas fehlt immer (Erzählungen), Suhrkamp Verlag, Frankfurt am Main, 2005
* Henri Losch: En Däiwelsgesiicht (Nei Geheimnisser vum drolege Schlasshär; Illustratioune vum Patty Thielen), Editions Saint Paul, Luxembourg; 2005
* Jean-Paul Maes: Hei ass et schéin (Theaterstéck), Theatertexter 2; Kremer-Muller Editions, Foetz; 2005
* Josiane Kartheiser: De Marc hätt gär Paangecher, Editions Carrière, Lëtzebuerg; 2005
* Maria-C. Haller: … à la manière des bonnes choses, Editions saint-paul, Luxembourg, 2005
* Laurent Fels: Le Cycle du Verbe / Wortzyklus, Editions Joseph Ouaknine, 2005
* Félix Molitor: Lelya ou le poème au-delà (Illustrations: Béatrice Garcia), Editions En Forêt (collection Sources), Rimbach (D); 2005
* Jacques Steffen: D'Lisa (dräi Geschichte fir Kanner vun 9 bis 99 Joer), Editions Saint-Paul, Luxembourg, 2005
* Guy Wagner: Winterreise. Roman, Editions Phi, Esch-Alzette; 2005
* Mario Fioretti: Der Vortrag (Roman), Editions Op der Lay, Esch-sur-Sûre; 2005
* Guy Rewenig: Solange die Fabrikschlote rauchen, wird gefeuert (Frühe Texte), pockolibri 1 / Imprimerie Centrale, Luxembourg; 2005
* Helmut Fiebig: Eine Stunde Seligkeit (77 Gedichte + Prosatexte), Rapidpress, Luxemburg; 2005
* Jean Krier: Gefundenes Fressen (Gedichte), Edition Rimbaud, 2005
* Guy Rewenig: Passt die Maus ins Schneckenhaus (Illustratiounen: Annick Sinner), Edition ultimomondo, Nospelt; 2005
* Marielys Flammang: Bilder aus den Zwischenräumen (Erzählungen; illustriert von Raymond Weiland), edition fischer, 2005
* Mireille Weiten-de Waha: De klenge roude Léiw (Illustratiounen: Marco Weiten), Eegeverlag, 2005
* Liliane Welch: Gathered in memory's hands, Borealis BookPublishers, Canada; 2006
* Guy Wagner: Samuel Beckett, Theater (op Lëtzebuergesch iwwersat: Waarden op de Godot, Endspill, Katastroph, Wat wou) Amphitheater; Editions Phi, Esch-Alzette, 2006
* Guy Wagner: Der Herr und der Meister. Drei Kurzgeschichten um Mozart. Galerie (Tiré-à-part), 2006
* Nico Helminger: schwarzloch (amphitheater 70), Editions Phi, Esch-Alzette, 2006)
* Roger Manderscheid: Der sechste Himmel, Roman, (deutsche Fassung von 'Feier a Flam'), Gollenstein-Verlag, Blieskastel; 2006
* Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch, Roman, Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg; 2006
* Lambert Schlechter: Le Murmure du monde, Editions Le Castor Astral; Collection: Escales des lettres;Bordeaux, 2006
* Lambert Schlechter: Angle mort. Le Livret de la cambuse, Editions L'Escampette; Chauvigny (F), 2006 (réédition)
* Lex Jacoby: Die Deponie, Editions Saint-Paul, Luxembourg, 2006
* Laurent Mignon: Lettres de Turquie et d'ailleurs, Editions Memor + Cahiers Luxembourgeois, collection Couleurs, 2006
Präisser + Eirungen fir LSV-Membren:
* Prix Servais 2006: Guy Rewenig (remise du prix: 5. 7. 2006)
* Prix Batty Weber: Guy Rewenig (remise du prix: 21. o9. 2005)
* Concours littéraire national 2004/ 2005:
1. Präis: Guy Wagner: Winterreise. Roman
2. Präis: Mario Fioretti: Der Vortrag
COMITE 2005/ 2006:
4 Comitéssëtzungen
NOTIZBLOCK:
Et koumen 2 Notizbléck eraus
7. LIESMARATHON:
am Café vum Musée de l'Histoire de la Ville de Luxembourg 22. 4. 2006
14 auteurs / 3 musiciens
ANER LIESUNGEN:
* Stad Lëtzebuerg + Gemengebibliothéik + LSV
10. 2. 2006: Henri Losch, Roger Manderscheid
* Esch (Bibliothéik, Kulturfabrik)
an Zesummenaarbecht mam LSV
* Liesungen am LGL ("Journée de la littérature luxembourgeoise")
an Zesummenaarbecht mam LSV
DIVERS:
* Kontakt mat der Mme Marie-José Barthel, Präsidentin vun der Kopleschter Kulturcommissioun, fir eng méiglech Zesummenaarbecht (Liesungen an der Maison de la Culture?)
* Lesefutter: Literatur op Tuten
Den Här Gantzel kontaktéiert den LSV fir eng Kooperatioun. (23. 11. 2005). Nom Beschloss vum Comité (6. 3. 2006) proposéiert den LSV keng Kooperatioun als Verband. D'Auteure sollten individuell kontaktéiert ginn, sou datt jiddereen op privater Basis matmaache kann. (LSV schéckt d'Lëscht)
* Réunioun mat de Verantwortleche vum Sproochenhaus (Kiischpelt), wou iwwert d'Promotion de la langue et de la littérature luxembourgeoise diskutéiert gouf. Et gi Liesungen organiséiert. (Josy Braun, Christiane Ehlinger, … )
PRIME à la PUBLICATION:
Vertrieder vum LSV: Jhemp Hoscheit
PRIME A LA TRADUCTION:
Vertriederin vum LSV: Chantal Schenten
CONSEIL NATIONAL DU LIVRE:
Membere vum LSV: Colette Mart (Präsidentin bis Januar 2006); Jhemp Hoscheit
CNLi :Inexistent vu Januar 2006 un (cf.: Bréif am NB)
LIES A FLEI (D'Anthologie fir den Uewergrad):
Vertriederin vum LSV am Aarbechtsgroupe: Chantal Schenten
NEI MEMBREN:
Marielys Flammang, Mario Fioretti, Wolfgang Geiselhart, Jacqueline Wolff, Mireille Weiten-de Waha
DIVERS:
De Guy Wagner huet d'Onkäschten (100 Euro) fir den LSV-Serveur iwwerholl. Merci!
De Comité seet dem Guy Wagner, dem LSV-Webmaster, Merci, well en den LSV Site (www.lsv.lu) esou gutt à jour hält.
3) Joresrapport vum Caissier
(voir: Notizblock)
4) Rapport vun de Keessereviseuren
Georges Hausemer / Christiane Ehlinger
5) Décharge fir de Keessier
6) Discussioun vun de Rapporten
7) Décharge fir de Comité
8) Wiel vun de Keessereviseuren fir 2006-2007
Christane Ehlinger, Georges Hausemer
9) ACTIVITEITSPROGRAMM 2006-2007
* 8. Liesmarathon:
Lieu : Café vum Musée de l'Histoire de la ville de Luxembourg.
Date: 22. 4. 2007
(Umeldeformulär am NB)
* "Bekannt Lëtzebuerger liese Lëtzebuerger Auteuren"
Am Kader vum Jubiläum '20 Joer LSV' (1986-2006) organiséiert den LSV eng nei Form vu Liesowend am Centre National de la Littérature zu Miersch (November 2006). Et ginn ongeféier 100 Perséinlechkeeten aus dem öffentleche Liewen (Politik, Sport, Wirtschaft, Kultur, …) ugeschriwwen. Et geet drëms, datt wéinstens 10 prominent Lëtzebuerger sech umellen a bereet sinn, Texter vu lëtzebuerger Auteure virzeliesen.
Programm:
Begréissungswuert vum Germaine Goetzinger; Usprooch vun der aktueller Präsidentin, Colette Mart; Usprooch vum Eierepräsident, Roger Manderscheid; 10 Auteuren X 6 Minutten; Musek
RAPPEL
1) Déi Membren, déi nach ëmmer 7,44 Euro als Cotisation mensuelle iwwerweisen, si frëndlechst gebieden, dëse Betrag op 8 Euro eropzesetzen. 7,44 entspriechen 250 fréiere lëtz. Frang. Dat war d'Cotisation mensuelle bis 2001. Op der Assemblée Générale vum 7. 7. 2001 (!!) ass d'Cotisatioun erhéicht an an Euro ëmgesat ginn:
Dat heescht vun 2001 un:
96 Euro = Cotisation annuelle
8 Euro = Cotisation mensuelle
Fir d'Cotisatioun mensuelle vu 7,44 op 8,00 eropzesetzen, musst Der jo e Formulär bei der Post froen an ausfëllen. Wann Der dann also schonn Är Cotisatioun ëmännert, da maacht am beschten / an engems aus Ärer Cotisation mensuelle eng Cotisation annuelle: an Dir iwwerweist 96 Euro. Dat mécht dem Keessier d'Aarbécht méi liicht.
2) Honorären 'E Buch am Zuch'
Jiddereen huet e Recht op eng Rémunératioun. Déi Anthologie ass kee "cas unique" a keng "Exceptioun", och wann d'Antho gratis verdeelt gëtt. Keen Auteur soll op säin Honorär verzichten. Aus Solidaritéit. Och keen Editeur soll d'Recht oftrieden. D'Honoräre mussen jee nom Kontrakt tëscht Auteur an Editeur opgedeelt ginn.
Déi 1. Revendicatioun zënter der Grënnung vum LSV war d'Rémunératioun vun den Auteuren. D'CFL kann sech et leeschten, d'Auteuren ze bezuelen. D'Antho ass jo eng Reklamm fir d'CFL a fir d'Associatioun 'Freed um Liesen'. Keen Auteur soll "à titre grâcieux" op säin Honorär verzichten.
Rapport: Jhemp Hoscheit
Bilan 2005/2006