Lëtzebuerger Schrëftstellerverband                 Esch, de 6. Mäerz 2011
LSV
B.P. 250
L-4003 Esch-Uelzecht
 

           

Un de Buergermeeschter vun der Gemeng Walfer

 

Här Guy Arendt,

Bei de Schoulliesungen am Kader vun de Walfer Bicherdeeg huet Är Gemeng den Auteuren bis elo en Honorär vun 135 € bezuelt, ob se 1x fir zwou Klassen oder 2x fir eng Klass liesen. Déi meeschten Auteure liesen zweemol fir jeweils eng Klass. Si halen also effektiv zwou Liesstonnen of. Dat heescht, en Auteur krut bis elo – bei zwou reell-ofgehalene Liesstonnen – fir eng Liesstonn an der Schoul am Kader vun de Walfer Bicherdeeg en Honorär vu 67,50 € bezuelt.

Dat ass wierklech net genuch als Honorär fir eng Stonn.

An déi Somme läit wäit ënnert deem Honorär vun 125 € fir eng Liesstonn an de Schoulen, deen de Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle zesumme mam Conseil National du Livre accordéiert huet. D’Schoulen, d’Elteren-associatiounen, kulturell Vereenegungen, Schoulcommissiounen halen sech un deen Honorär fir eng Liesstonn vun 125 €.

Mir wären deemno frou, wann d’Gemeng Walfer den Auteuren op den nächste Walfer Bicherdeeg fir eng Liesstonn an der Schoul en Honorär vun 125 € bezuele géif.

An der Hoffnung, datt Der mat eisem Standpunkt averstane sidd an datt Der eisem Wonsch nokommt,

 

       Mat léiwe Gréiss


       fir de Comité vum LSV

       
       Colette Mart                    Jhemp Hoscheit

       Präsidentin                     Sekretär

 

© LSV, 2011