D’Ried vun der Presidentin vum LSV

„Verse sind nicht, wie die Leute meinen, Gefühle, – es sind Erfahrungen. Um eines Verses willen muss man viele Städte sehen, Menschen und Dinge, man muss die Tiere kennen, man muss fühlen, wie die Vögel fliegen, und die Gebärde wissen, mit welcher die kleinen Blumen sich auftun am Morgen. Man muss zurückdenken können an Wege in unbekannten Gegenden, an unerwartete Begegnungen und an Abschiede, die man lange kommen sah, an Kindheitstage, die noch unaufgeklärt sind, an die Eltern, die man kränken musste, wenn sie einem eine Freude brachten und man begriff sie nicht, an Kinderkrankheiten, die so seltsam anheben mit so vielen tiefen und schweren Verwandlungen, an Tage in stillen, verhaltenen Stuben und an Morgen am Meer, an das Meer überhaupt, an Meere, an Reisenächte, die hoch dahinrauschten und mit allen Sternen flogen, – und es ist noch nicht genug, wenn man an alles das denken darf. Man muss Erinnerungen haben an viele Liebesnächte, von denen keine der andern glich, an Schreie von Kreißenden und an leichte, weiße, schlafende Wöchnerinnen, die sich schließen. Aber auch bei Sterbenden muss man gewesen sein, muss bei Toten gesessen haben in der Stube mit dem offenen Fenster und den stoßweisen? Geräuschen. Und es genügt auch noch nicht, dass man Erinnerungen hat. Man muss sie vergessen können, wenn es viele sind, und man muss die große Geduld haben, zu warten, dass sie wiederkommen. Denn die Erinnerungen selbst sind es noch nicht. Erst wenn sie Blut werden in uns, Blick und Gebärde, namenlos und nicht mehr zu unterscheiden von uns selbst, erst dann kann es geschehen, dass in einer sehr seltenen Stunde das erste Wort eines Verses aufsteht in ihrer Mitte und aus ihnen ausgeht.“


Dir Dammen an dir Hären,

léif Frënn vun der Lëtzebuerger Literatur,

Dësen Ausschnëtt aus dem Rainer Maria Rilke sengen Aufzeichnungen des Malte Laurids Brigge illustréiert a mengen Aen d’Komplexitéit vum literaresche Schreiwen, dee laange Wee, déi Ausernanersetzung vun all Auteur mat sech selwer, mat anere Leit, mat der Gesellschaft, mam Liewen, mat deene Momenter vum Liewen,  vun deenen et sech ka vill spéider erausstellen, dass s’eng Spuer hannerlooss hunn, an dass se iergendwann, vläicht no Joren oder Jorzéngten, an engem Gedicht, enger Kuerzgeschicht, engem Roman oder engem Theaterstéck erëmzefanne sinn. Well nämlech och dann, wa mir als Auteuren iwwert anerer schreiwen, wa mir Personnagen erfannen oder och vläicht dat, wat an eis virgeet op e puer Personnagen opdeelen, bleift an all  deene Spueren, déi mir wëllen hannerloossen, dach och ëmmer och dat, wat mir selwer sinn, wat eis selwer wichteg ass a wat mir wëllen eise Lieser matdeelen.

20 Joer LSV, 20 Joer also ass et hier, dass sech e puer lëtzebuerger Auteuren am Escher Schluechthaus zesummefond haten, fir den LSV ze grënnen, an zwar waren dat de Georges Hausemer, Rolf Ketter, Rosemarie Kieffer, Roger Manderscheid, Lambert Schlechter, Robert Steffen a Jean-Michel Treinen. Si wollten d’Interesse vun de Lëtzebuerger Auteuren vertrieden, en Interlocuteur am Kontakt mat de Ministère ginn, an d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Literatur an eiser Gesellschaft verstäerken. Ouni Zweifel gouf am Laf vun deenen 20 Joer villes erreecht; den LSV zielt haut iwwer 90 Memberen, dovun een Drëttel Fraen, et konnten Honoraren ausgehandelt a Primes à la publication, Liesungen a Schoulen ginn haut organiséiert; De Schoul – an de Kulturministère kafe Bicher fir d’Schoul – an d’Gemengebibliothéiken; Literaturpräiser sinn agefouert ginn a réckele literaresch Wierker heiansdo an de Mëttelpunkt vun der Aktualitéit; De Centre National de la Littérature ass entstanen, an esou kann d’Aarbecht vun de Lëtzebuerger Auteuren vu fréier a vun haut ënnerstëtzt, opgeschafft, promouvéiert an archivéiert ginn; Anthologien iwwert Lëtzebuerger Literatur gi publizéiert, fir eis Schüler am Primär an demnächst och fir de Secondaire, och mat Hëllef vum Centre National de Littérature. Ech wollt awer hei lo kee chronologeschen Iwwerbléck ginn vun all den Engagementer vum LSV am Laf vun deene leschten 20 Joer, mee vill méi versichen, e puer Reflexiounen zu der Roll, der Plaz an der Bedeitung vun der Lëtzebuerger Literatur ze maachen.

Wat bréngt eis d’Literatur allgemeng? A wat kann eis d’Lëtzebuerger Literatur bréngen? D’Literatur féiert eis esou wuel an eis eege Gedankewelten, an dat, wat an eis selwer virgeet, réiert un Erënnerungen, verdéift eege Reflexiounen a kann derzou bäidroen, dass mir eis selwer besser kenne léieren, dass mir duerch d’Liese méi genee wëssen, wie mir selwer sinn a wat mir wëllen an der Gesellschaft soen, matdeelen, vermëttelen, an och, wéi eng Roll mir wëllen an eisem sozialen Emfeld, an eisem Beruff oder an der Famill spillen. Si léiert eis och besser ze verstoen, wat an anere Leit virgeet, si léiert eis, d’Verhale vun anere méi nuancéiert ze gesinn an ze interprétéiren, manner schnell oder pauschal ze jugéiren, man drëtten A ze kucken oder och mam drëtten Ouer ze lauschteren, dat heescht, och mol hannert dat ze kucken, wat ee gesäit, net nëmme bei dem vordergründegen, bei Äusserlechkeete stoen ze bleiwen. Se léiert eis, Evolutionen z’erkennen, den Zäitgeescht vu fréier a vun haut mateneen ze vergläichen, gesellschaftlech Wäerter ze interpretéieren an och ze kucken, wéi déi Wäerter sech veränneren.

Mat all deem kann een sech dann elo froen, wat ass eis Aufgab, als Lëtzebuerger Auteuren an eiser Gesellschaft?

Ech mengen, dass dës Aufgab doranner besteet, ebe grad eis Lëtzebuerger Gesellschaft,  an hirer Geschicht, hirer Evolution, hire lokale Specificitéite méi genee ze analyséiren, ze hannerfroen, villäicht e kritesche Bléck, mee och e Bléck mat Léift oder Verbonnenheet op déi Gesellschaft ze werfen, hir Tabuen ze briechen, all dat ze soen, wat eben an aner Beräicher, an de Medien, an der Politik, an der Famill, an der Schoul, vläicht éischter net gesot gëtt, oder net op déi selwescht Manéier, fir also eng zousätzlech Dimension oder Reflexion an eis Gesellschaft eranzebréngen, an dat an enger Sprooch, déi jidferengem Auteur eegen ass, an där een entweder Originalitéit oder och eng gewëssen Direktheet, Onmëttelbarkeet ustriewt, an där een d’Grenzen tëschent der Realitéit an der Fantasie och emol einfach ophieft, a grad just doduerch méi no un d’Realitéit erukënnt. Och schéngt et mir wichteg, dass mir als Lëtzebuerger Auteuren Leit, Milieuen, Landschaften, Stied a Stroosse beschreiwen, an deenen sech anerer erëmfannen, dass Kanner, jonk Leit oder Erwuessener och emol hiirt eegent Duerf, hire Quartier oder hir Schoulklass an engem Buch erëmfannen, well dat hinne kann hëllefen, sech selwer ze fannen oder och selwer eege kreativ Säiten ze entdecken.

Doriwwer eraus sollte mir als Lëtzebuerger Auteuren natiirlech och genausou gutt kënnen iwwert eis Grenzen erauskucken, dat beschreiwen, wat mir am Ausland erfuer, gesinn, gefillt a geléiert hunn, a mir sollen och un allgemeng mënschlech a philosophesch Themen erugoen. Et ass mer wichteg, elo ier ech d’Wuert hei weiderginn un eis Eieregäscht, déi sech duerch hier Bedeelegung un dësem Owend zu der Lëtzebuerger Literatur bekannt hunn an sech bereet erkläert hunn, eis z’ënnerstëtzen, nach e puer Leit merci ze soen. Merci also fir d’éischt emol  dem Andy Bausch, Fräntz Biltgen, Colette Flesch, Paul Helminger, Erna Hennicot-Schoepges, Edmond Israel, Serge Kollwelter, Viviane Loschetter, Claude Mangen, Caroline Mart, Alex Reuter, Alvin Sold, François Valentiny an Marc Mangen dofir, dass si dësen Owend hei mat eis verbréngen.

Merci och dem Roger Manderscheid, dem Lambert Schlechter, dem Josiane Kartheiser, déi viru mir d’Präsidentschaft vum LSV jorelang iwerholl haten; Merci dem Georges Hausemer an dem Jhemp Hoscheit als laangjähreg Sekretäre vum LSV. Merci mengem aktuelle Comité, dee mer ëmmer trei zur Säit steet, a merci och der Madame Germaine Goetzinger an der Madame Monique Kieffer, fir déi gutt Zesummenaarbecht mat dem CNL an och mat der Nationalbibliothéik; An e ganz spezielle Merci geet och nach un de Guy Wagner, langjäeregen Trésorier vum LSV, dee bis haut d’Internetsäit vun eisem Veräin géréiert.

Erlaabt mer awer och an dësem Kontext nach e klengt perséinlecht Wuert.

Et wor keen anere wéi de Guy Wagner, dee mech Mëtt den achtzeger Joren a mengem Schreiwen encouragéiert huet, dee fir mech genee déi Wierder fonnt hat, déi mir gehollef hunn, weiderzeschreiwen an enger Gesellschaft, an där d’Fraen an der Literatur an deemools och am Journalismus nach eng kleng Minoritéit woren, an där also nach Pionéieraarbecht ze leeschte war, géint Virurteeler unzekämpfen war, wat oft ganz wéi gedoen huet. Haut kann ech awer soen, dass de Kampf sech gelount hat, well haut zielt den LSV en Drëttel Fraen, an hiere Bäitrag zu der Lëtzebuerger Literatur, zu deem, wat hei och vu Fraen iwwert dës Gesellschaft ze soen ass, mer ganz wichteg erschéngt.
Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren an ech hoffen, dass dir mat eis e schéinen Owend verbréngt.

 Colette Mart

 


© LSV, Colette Mart & Guy Wagner, 2007 

Ried vum Germaine Goetzinger